Barcelona spillt Remis, Everton klappt Arsenal

© AFP
Iwwerdeems huet Manchester City Southampton mat 1:0 geklappt an Atlético Madrid huet sech konnten 3:1 géint Elche duerchsetzen. Juventus klappt Parma 4:0.
Och an der däitscher Bundesliga gouf um Samschdeg gespillt. Ënnert anerem léisst Leipzig Punkte leie géint Köln a Schalke kann och mam Huub Stevens net gewannen. Bayern München gewënnt iwwerdeems géint Leverkusen. Hei fannt Dir den Iwwerbléck vum 13. Spilldag an der Futtball-Bundesliga.
Premier League
Crystal Palace - FC Liverpool 0:7
0:1 Minamino (3'), 0:2 Mané (35'), 0:3 Firmino (44'), 0:4 Henderson (52'), 0:5 Firmino (68'), 0:6 Salah (81'), 0:7 Salah (84')
Androcksvoll Leeschtung vum aktuelle Champion. Virun allem an der 1. Hallschent hunn d'Reds immens effizient gespillt a quasi all Schoss ass am Filet vun der Lokalekipp gelant. De Mané, deen déi lescht 9 Matcher an der Premier League net getraff huet, konnt sech an der 35. Minutt och emol nees an de Palmarès aschreiwen. No der Paus hat Crystal Palace weider näischt dogéint ze setzen, sou dass si kloer mat 0:7 verléieren. Firminio a Salah hu jeeweils 2 Goler geschoss.
FC Southampton - Manchester City 0:1
0:1 Sterling (16')
Southampton wollt mat sengem Pressing-Futtball City viru Problemer stellen, wat an der Ufanksphas och deelweis gelongen ass. Den Djenepo sollt awer um Ederson hänke bleiwen. City ass lues awer sécher besser an de Match komm a sou war et de Sterling, deen an der 16. Minutt no Viraarbecht vum de Bruyne d'Féierung fir Citizens geschoss huet. D'Saints ware wuel beméit, sinn awer un der gudder Defense vun de Gäscht hänke bliwwen, sou dass bei Southampton an der Offensiv d'Null stoe sollt bleiwen. City kann no 2 Matcher ouni Victoire wichteg 3 Punkten erkämpfen.
FC Everton - Arsenal London 2:1
1:0 Holding, Selbstgol (22'), 1:1 Pepé (35'), 2:1 Yerri Mina (45') Nom Réckstand no 22 Minutten huet Arsenal sech zeréck an de Match gekämpft an huet sech duerch dem Pepé säin Eelefmeter an der 35. beloune kënnen. Kuerz virun der Paus kruten d'Gunners awer eng kal Dusch. De Yerri Mina huet no engem Corner vum Sigurdsson de Ball mam Kapp an de Filet gesat. An deenen zweete 45 Minutten ass et hin an hier gaangen. Um Score sollt sech awer näischt méi doen, sou dass Everton Arsenal mat 2:1 klappt. D'Gunners kommen dës Saison einfach net an Trëtt an Everton ass tëschenzäitlech op déi 2. Plaz an der Tabell gerutscht.
Newcastle United - FC Fulham 1:1
0:1 Ritchie (42'), 1:1 Wilson (64')
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Serie A
AC Florenz - Hellas Verona 1:1
0:1 Veloso (8'), 1:1 Vlahovic (19')
Den AC Florenz bleift nom 1:1-Gläich géint Hellas Verona am Tabellekeller stiechen. Genua bleift am Mëttelfeld vun der Tabell, ee Gläichspill, deem kenger Ekipp wierklech weider hëlleft.
FC Parma - Juventus Turin 0:4
0:1 Kulusevski (23'), 0:2 Ronaldo (26'), 0:3 Ronaldo (48'), 0:4 Morata (85')
Parma konnt just an den Ufanksminutten den Tempo vu der Juve matgoen. Dono hunn d'Spiller vum Andrea Pirol de Match dominéiert an duerch de Ronaldo a Morata de Score op 4:0 geschrauft. Souverän Victoire fir d'Gäscht, déi provisoresch bis e Sonndeg op der 2. Plaz an der Tabell stinn.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Ligue 1
FC Metz - RC Lens 2:0
1:0 Nguette (30'), 2:0 Boulaya (90+3')
D'Gäscht vu Lens hate wuel méi Ballbesëtz, méi Schëss an awer hu si um Samschdeg den Owend zu Metz mat 2:0 verluer. Metz réckelt an der Tabell domat op 1 Punkt u Lens erun a steet aktuell op der 8 Plaz. De Resumé vum Match kënnt Dir bei eise Kolleege vum 5Minutes liesen.
Olympique Marseille - St. Reims 1:1
0:1 Nagatoo (21'), 1:1 Thauvin (45')
OGC Nice - Olympique Lyon 1:4
0:1 Depay (32'), 0:2 Kadewere (39'), 1:2 Gouiri (44'), 1:3 Ekambi (64'), 1:4 Aouar (73')
Lyon huet mat enger androcksvoller Virstellung géint Nice seng gutt Form ënner Beweis gestallt a bäisst sech domat an der Spëtzegrupp vun der Ligue 1 fest.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
La Liga
Atlético Madrid - FC Elche 3:1
1:0 Suarez (41'), 2:0 Suarez (59'), 2:1 Boye (64'), Costa (78')
D'Gäscht hu quasi de ganze Match just versicht, d'Null ze halen, wat dann och bis déi 41. Minutt gutt gaangen ass. Dunn huet de Suarez den erléisende Gol fir d'Lokalekipp geschoss. An der 58. Minutt huet de Suarez am Wanda Metropolitano no engem Zockerpass vum Carrasco de Score op 2:0 erhéicht. Elche ass a Persoun vum Boyé wuel nach den Uschlossgol gelongen, ma de Costa sollt mat enge Eelefmeter an der 78. Minutt den Deckel drop maachen. Atlético wënnt mat 3:1.
FC Barcelona - FC Valencia 2:2
0:1 Diakhaby (29'), 1:1 Messi (45+4'), 2:1 Araujo (52'), 2:2 Gomez (69')
D'Gäscht sinn no engem Corner an der 29. Minutt net onverdéngt duerch den Diakhaby a Féierung gaangen. Virun der Paus ass et dunn hektesch ginn. Fir d'éischt léisst de Maxi Gomez eng 100% Chance leien, déi den Ter Stegen super paréiere konnt. An der 4. Minutt vun der Nospillzäit krut Barcelona een Eelefmeter zougesprach, deen de Messi fir d'éischt laanscht geschoss huet. De Jordi Alba huet am séierste reagéiert, de Ball zeréck op de Messi geluecht an esou ass Barcelona nach virun der Paus den 1:1-Remis gelongen. Nom Säitewiessel hunn d'Katalanen de Match gedréint, éier Valencia mam Maxi Gomez de Match erëm ausgeglach huet. Beim 2:2 sollt et dann och bleiwen.
UD Levante - Real Sociedad 2:1
0:1 Isak (22'), 1:1 Roger (28'), 2:1 de Frutos (87')
FC Sevilla - FC Valladolid 1:1
1:0 Ocampos (31'), 1:1 Garcia (87')