D'Damme vun der Musel hunn de Grondstee fir d'Victoire an der 1. Hallschent geluecht. Sie gewannen de Match mat 64:54 géint Ettelbréck.

E Samschdeg den Owend war am Damme-Basket d'Reprise vum Championnat. Mam Match Musel Pikes - Etzella Ettelbréck waren awer just 2 Ekippe gefuerdert. Den nächste Weekend stinn dann erëm alleguerten d'Ekippen um Terrain. D'Häre starte wéinst den internationale Rendez-vouse vun der Nationalekipp eréischt de leschte Weekend am Februar.

D'Damme vun der Musel hunn den 1. Véierel mat 22:18 fir sech entscheet. D'Etzella louch no 5 Minutte knapp mat 10:7 a Féierung, ma an der Suite hu si lues a lues de Match aus der Hand ginn. Sou ass och deen 2. Quarter gelaf. D'Pikes hunn defensiv stabil gestanen an an der Offensiv ënnert dem Impuls mam Bridget Yoerger ass et hinne gelongen, de Virsprong bis d'Paus op 11 Punkten auszebauen.

Nom Téi war et een immens ausgeglachene Match. Weder d'Pikes nach Etzella hunn dem Géigner Loft zum Ootme ginn. D'Etzella war ganz beméit, allerdéngs sollte si et am Laf vun der 2. Hallschent net hikréien, de Réckstand ze verkierzen, sou dass den drëtte Véierel mat 14:14 op en Enn gaangen ass. Och an deene leschten 10 Minutte kruten d'Cathy Schmit a Co. de Virsprong iwwert d'Ronnen, sou dass et eng 64:54-Victoire fir Damme vun der Musel ze feiere gëtt.