De Kapitän vum AB Konter léisst sech duerch seng Blessur net ënnerkréien

© RTL
Ee ganz wichteg Spiller huet e Samschdeg bei Konter gefeelt. Nämlech de Kapp vun der Ekipp.
Ee ganz wichteg Spiller huet e Samschdeg bei Konter gefeelt. De Kapp vun der Ekipp. De Routinier huet sech virun 3 Woche schwéier blesséiert a muss de Rescht vun de Matcher dës Saison nokucken. Keng einfach Situatioun fir de Raul, dee säi Kampfgeescht awer nach net verluer huet.
D'Krätsche begleeden de Raul Birenbaum duerch säin Alldag. An dat och nach fir eng gutt Zäitchen. Am Match géint Walfer de 27.Mäerz huet de Konter Spiller sech seriö blesséiert. D'Achillesseen am rietse Fouss ass gerass. Sonndes gouf de Raul am Kierchbierger Spidol operéiert. D'Achillesseen gouf nees zesummegebitzt. Méindes, den 29. Mäerz goung et dunn nees Heem. Zesumme mat senger Fra Chiara, sengem Bouf Bo an dem Mupp Baloo wunnt de Raul zu Steesel. Dei nächste Wochen a Méint ass de Kapitän vum AB Konter op Hëllef vun Drëttpersounen ugewisen.
Den Ament profitéiert de Raul vu senger Famill. Virun allem mat sengem 3 Joer ale Jong verbréngt de Sportler vill Zäit. Dat war viru senger Blessur net esou méiglech. Vill Training d'Woch iwwer a weekends Match, do bleift net vill Spillraum fir d'Famill. Dofir gëtt elo ëmsou méi Zäit an d'Familljeliewen investéiert.
De spezielle Schong um Fouss huet de Raul tëscht 8 an 10 Wochen un. Elo stinn emol Kinéseancen un. 2 bis 3 Mol d'Woch.
31 Joer huet de Raul. Dës Saison sollt u sech seng lescht ginn. Net nëmmen am Dress vum AB Konter, mä a senger Karriär. 10 Joer spillt de Raul elo fir den ABC. Sécher ass: D'Reeducatioun hëlt vill Méint an Usproch.
De Raul Birenbaum ass eng valeur sûre fir seng Ekipp. Als Kapitän ass hien d'Séil vu Konter. Hie versicht de richtege Mix tëscht erfuerenen a jonke Spiller hierzestellen. Et wär net ëmmer einfach. Dee jéngsten an der Ekipp huet der 17, de Raul 31.
Well de Raul den Ament am Krankeschäin ass, kann hie seng Ekipp net encouragéieren. Dofir huet hie sech e leschte Mëttwoch de Match géint d'Sparta am Livestream an der RTL Live Arena ugekuckt. 105 op 79 huet Konter gewonnen. De Basketballer ass houfreg op seng Ekipp.
De Raul ass vu senger Ekipp net vergiess. Dat eleng ënnersträichen dës T-Shirten, déi d'Co-Equipiere sech gemaach hunn. A wie weess... Vläicht gesi mir de Raul Birenbaum nees am Konter-Dress oplafen.