DammebasketWalfer an d'Musel Pikes ginn an den drëtte Match

RTL Lëtzebuerg
No enger knapper Victoire fir d'Musel Pikes an der 2. Halleffinall fält d'Decisioun e Freideg an der drëtter an entscheedender Partie.
Musel Pikes erzwéngen eng drëtt Halleffinall
D’Damme vun der Musel hunn déi zweet Halleffinall gewonnen an domat fält d’Decisioun an enger drëtter an decisiver Partie.

Am nationalen Dammebasket gouf e Mëttwoch déi 2. Halleffinall tëscht Walfer an de Musel Pikes am Best-Of-Three-Modus ausgedroen. No der knapper Victoire am Allersmatch ass et fir d’Résidence vu Walfer am zweeten Duell dann awer eng knapps 67:69-Defaite géint d’Musel Pikes ginn.

Domat entscheet sech an der 3. Partie, wien et vun de béiden Ekippen an d’Finall packt. Déi 3. Halleffinall gëtt da schonn e Freideg gespillt.

Déi aner Halleffinall tëscht dem T71 Diddeleng an der Amicale Steesel gouf op Grond vu Corona-Fäll ofgesot. En neien Datum fir dëse Match steet nach net fest.

Back to Top
CIM LOGO