De Charel Grethen huet sech e Samschdeg bei den Olympesche Spiller an der Finall iwwer 1500 Meter als 12. klasséiert. An enger ganz séierer Course gouf de Lëtzebuerger séier no hannen duerchgereecht. Um Enn ass de Chrono no 3 Minutte 36 Sekonnen an 80 Honnertstel stoe bliwwen. Fir de Charel Grethen ass et de bis ewell gréissten Erfolleg a senger Karriär an et war een historeschen Ament fir de Lëtzebuerger Sport.
De Charel Grethen huet bei dësen Olympesche Spiller méi wéi iwwerzeegt. Souwuel a senger Serie, wéi och an der Hallefinial wou hie säi Lëtzebuerger Rekord ëm ronn 4 Sekonne verbessert huet. Déi zwou Courssen huet hien awer an der Finall gespuert, och wann hie sech gutt gespuert huet.
D’Goldmedail huet sech den 20 Joer alen Norweger a Favorit Jakob Ingebrigtsen geséchert. Mat 3 Minutten, 28 Sekonnen an 32 Honnertstel ass hien een neien Olympesche Rekord gelaf.
Um Podium stinn nach de Kenianer Timothy Cheruiyot an de Britt Josh Kerr.

De Charel Grethen hat en Donneschdeg den Exploit fäerdeg bruecht, fir sech fir d’Finall iwwer 1500 Meter bei den Olympesche Spiller ze qualifizéieren. De Lëtzebuerger hat den nationale Rekord ëm bal 4 Sekonnen op 3 Minutten, 32 Sekonnen a 86 Honnertstel verbessert.
Dem Charel Grethen seng nächste Course ass Enn August zu Schëffleng. E krut och schonn eng Invitatioun fir Diamond League zu Bréissel, Ufank September.
Et war zanter 1952 nees déi éischte Kéier, datt ee Lëtzebuerger Sportler et an d’Finall vun enger Liichtathletik-Competitioun op olympesche Spiller gepackt huet. Bei dëse Spiller huet de Charel Grethen dat absolut beschte Lëtzebuerger Resultat realiséiert.