Basket: WM-Pre-QualifikatiounLëtzebuerg verléiert mat 74:83 géint Portugal

RTL Lëtzebuerg
E Freideg den Owend ass d'Lëtzebuerger Basketnationalekipp an déi 2. Ronn vun der Pre-Qualifikatioun fir d'WM 2023 gestart.
© Screenshot

D’Lëtzebuerger Basketnationalekipp huet e Freideg den Owend mat 74:83 géint déi favoriséiert Portugisen de Kierze gezunn. An der Paus stoung et 28:47 aus Siicht vun de Lëtzebuerger. Déi meescht Punkte fir d’FLBB-Formatioun huet den Alex Laurent (14) gemaach.

No ausgeglachenen éischte Minutte konnt Portugal sech géint der Enn vum éischte Véierel eng Avance erausspillen. No 10 Minutte stoung et 21:12 aus Siicht vum Favorit. Am zweete Véierel konnten d’Portugisen hire Virsprong weider ausbauen an esou ass et beim Score vu 47:28 an d’Kabinne gaangen. Am drëtte Véierel ass et der FLBB-Formatioun gelongen, fir de Réckstand ze verkierzen, an esou stoung et 10 Minutte virun Enn 54:67 aus Siicht vun der Ekipp vum Ken Diederich. Spannend sollt et awer net méi ginn. Um Enn huet Lëtzebuerg sech misse mat 74:83 géint Portugal geschloe ginn.

Lëtzebuerg verléiert mat 74:83 géint Portugal
E Freideg den Owend ass d’Lëtzebuerger Basketnationalekipp an déi 2. Ronn vun der Pre-Qualifikatioun fir d’WM 2023 gestart.

Am Grupp C steet Portugal no zwou Victoiren un der Spëtzt vun der Tabell. Si hate sech en Donneschdeg scho géint Schweden duerchgesat. Fir Schweden a Lëtzebuerg gouf et domadder jeeweils eng Néierlag. Déi zwou éischt Ekippen aus dem Grupp kommen an déi nächst Ronn vun der WM-Qualifikatioun.

E Samschdeg den Owend um 19 Auer ass d’Lëtzebuerger Basketnationalekipp da géint Schweden gefuerdert. Och dës Partie kënnt Dir am Livestream op RTL.lu kucken.

De Replay vum Match

Lëtzebuerg verléiert géint Portugal
An der 2. Ronn vun der WM-Pre-Qualifikatioun huet Lëtzebuerg am éischte Match mat 74:83 de Kierzere gezunn.

Back to Top
CIM LOGO