De Lëtzebuerger ass iwwer 1500 Meter mat enger Zäit vun 3 Minutten, 34 Sekonnen an 59 Honnertstel knapp 2 Sekonnen iwwer sengem nationale Rekord bliwwen.

Nom Exploit bei den Olympesche Spiller zu Tokio huet de Liichtathlet Charel Grethen e Freideg den Owend dierfe beim Diamond-League-Meeting zu Bréissel un den Depart iwwer 1500 Meter goen.

De Charel Grethen huet an der staark besater Course eng gutt Leeschtung gewisen a sech um Enn als 8. klasséiert. De Chrono ass fir de Lëtzebuerger no 3 Minutten, 34 Sekonnen an 59 Honnertstel stoe bliwwen. Gewonne gouf d'Course vum Australier Stewart McSweyn (3:33.20). Um Podium stoungen nach den Australier Oliver Hoare (3:33.79) an de Pol Michal Rozmys (3.33.96).

Zanter den Halleffinalle bei den Olympesche Spiller steet de Lëtzebuerger Rekord iwwer 1500 Meter bei 3 Minutten, 32 Sekonnen a 86 Honnertstel.

RTL

De Start vun der 1500-Meter-Course / © Screenshot