Victoirë fir den HB Esch an Diddeleng, Bierchem verléiert

Fir den HC Bierchem gouf et am Allersmatch a Serbien näischt ze huelen.
Den HB Esch war géint Odessa aus der Ukrain am Asaz a konnt sech virun den eegene Spectateure kloer mat 38:31 duerchsetzen. An der Paus louchen déi Escher scho mat 11 Goler vir (24:13). An der zweeter Hallschent konnten d'Lëtzebuerger de Virsprong laang halen. An der Schlussphas ass d'Ekipp aus der Ukrain awer nach eng Kéier op 7 Goler erukomm. Trotzdeem séchert den HB Esch sech eng gutt Ausgangspositioun fir de Retourmatch um Sonndeg.
Bei den Dammen huet den HB Diddeleng mat 27:18 géint Metalurg Skopje gewonnen. An der Paus stoung et 12:10. Um Sonndeg steet de Retourmatch fir d'Lëtzebuergerinnen um Programm.
Am zweeten Tour vum EHF European Cup ass et fir Bierchem e Samschdeg den Owend eng 22:33-Defaite géint Partizan Belgrad ginn. Déi serbesch Lokalekipp huet de Match vun Ufank u bestëmmt an d'Ekipp aus dem Réiserbann op Distanz gehalen. An der Paus stoung et sou 19:11 fir de Partizan.
An der zweeter Hallschent vum Match konnten déi Bierchemer da besser mathalen an och e Wuert matschwätzen, trotzdeem konnt een de Réckstand géint staark Géigner net méi ophuelen. Um Enn entscheet Partizan Belgrad d'Partie mat 22:33 fir sech.