
E Freideg den Owend gouf et an der Bundesliga eng 4:1-Victoire fir Mainz mam Leandro Barreiro. An England konnt sech iwwerdeems Arsenal géint Aston Villa duerchsetzen an am Match tëscht Granada an Osasuna gouf et kee Gewënner.
Mainz - Augsburg 4:1
1:0 Onisiwo (10'), 2:0 Bell (15'), 3:0 Burkardt (26'), 3:1 Zeqiri (69'), 4:1 Burkardt (71')
No dräi Defaiten aus de leschten dräi Matcher huet Mainz sech nees eng Victoire geséchert. Am Match géint den FC Augsburg hu si sech mat 4:1 duerchgesat. De Leandro Barreiro gouf dobäi an der 64. Minutt beim Stand vun 3:0 agewiesselt.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
Arsenal - Aston Villa 3:1
1:0 Thomas (23'), 2:0 Aubameyang (45+6'), 3:0 Smith Rowe (56'), 3:1 Ramsey (82')
Um 9. Spilldag huet sech Arsenal mat 3:1 géint Aston Villa duerchgesat. Schonn an der Paus louchen d’Gunners duerch d’Goler vum Thomas an Aubameyang mat 2:0 a Féierung. Ronn 10 Minutte viru Schluss huet de Ramsey zwar nach verkierzt, ma dëse Gol ass awer ze spéit komm fir nach d’Defaite vun de Gäscht ze verhënneren.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
FC Turin - Genua 3:2
1:0 Sanabria (14'), 2:0 Pobega (31'), 2:1 Destro (69'), 3:1 Brekalo (77'), 3:2 Caicedo (80')
Sampdoria - La Spezia 2:1
1:0 Gyasi (15'), 2:0 Candreva (36'), 2:1 Verde (90+4')
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Osasuna - Granada 1:1
1:0 Avila (45'), 1:1 Montoro (90')