Gläichspill tëscht Esch a Baekkelaget

© Serge Olmo
Den Handball Esch kann no enger kämpferescher Meeschterleeschtung e Réckstand vu 7 Goler ophuelen a spillt um Enn 30:30-Gläich.
Am 3. Tour vum EHF European Cup hat Esch Besuch vun de Norweger vu Baekkelaget Handball Elite. Esch ass eigentlech vun Ufank un engem Réckstand hannendrun gelaf. No enger gudder Véierelsstonn louchen déi Escher mat 5:12 a Réckstand. Et huet een sech awer net hänke gelooss a versicht nees lues awer sécher erun ze kommen, wat deene Lallenger dann och androcksvoll glécke sollt, sou dass een an der Paus nëmmen e Retard vu 1 Gol hat (16:17).
No der Paus sollt Esch weider déi ganzen Zäit 1-2 Goler a Réckstand leien. Kohn a Co. hunn ee kämpferesche super Match gewisen an et huet e gesinn dass si de Match onbedéngt nach zu hire Gonschten dréine wollten. 2 Minutte viru Schluss huet den Tom Krier dunn den 30:30 geschoss, an de Score war fir eng éischte Kéier ausgeglach. An enger hektescher Schlussphase sollt kee weidere Gol méi falen, sou dass béid Ekippen sech am Allersmatch mat 30:30 trennen.
De Retourmatch ass den nächste Weekend an Norwegen.