E Samschdeg konnten den T71 géint Walfer an de Gréngewald géint d'Musel Pikes Victoirë feieren. Um Sonndeg setzt sech iwwerdeems Conter zu Esch duerch.

E Sonndeg goufen nach zwee Matcher vum zweeten Tuer an der LBBL Damme gespillt.

De Match tëschent dem Basket Esch an dem AB Conter war ofwiesslungsräich, mam besseren Enn fir d'Gäscht, déi sech mat 75:69 duerchsetze kënnen. Zwar loung Conter an der Paus mat 14 Punkte vir, mee d'Escherinne konnte sech am drëtte Véierel zeréckkafen an hunn de Retard op ee Punkt kënne verkierzen. Am leschte Véierel huet Conter mat enger Fënnef-Punkten-Avance alles kloer gemaach. Bescht Scorerin fir Conter war d'Amerikanerin Paige Bradley mat 30 Punkten, op der Escher Säit war et d'Tatsiana Likhtarovich mat 26 Punkten.

Am zweete vum Sonndeg konnt sech d'Amicale Steesel kloer mat 100:48 géint d'Etzella duerchsetzen. Bei Ettelbréck stounge just 8 Spillerinnen am Kader. Virun allem am zweete Véierel ass Steesel dervu gezunn (32:6), wouduerch de Match quasi schonn an der Paus decidéiert war. Am leschte Véierel war et nees e méi ausgeglachene Score.

Am Spëtzematch tëschent dem T71 Diddeleng an der Résidence Walfer hat d'Heemekipp schonn e Samschdeg souverän mat 101:79 gewonnen. Vun Ufank un waren et déi Diddelenger déi dem Match hire Stempel opgedréckt hunn. Besonnesch am zweete Véierel (33:17) hat d'Résidence näischt dogéint ze setzen. An der 2. Hallschent huet Walfer gutt matgehalen, um Enn sollt sech awer un der klorer Victoire vum Tabelleleader Diddeleng näischt méi änneren.

D'Musel Pikes an de Gréngewald hu sech iwwerdeems eng spannend Partie geliwwert. Um Enn gouf et eng 57:52-Victoire fir d'Gäscht. De Match war vun Ufank un equilibréiert. Bis zur Paus konnt sech d'Heemekipp just eng kleng Avance vun 2 Punkten erausspillen (31:29). Och no der Paus konnt sech an enger éischter Phas keng Ekipp entscheedend ofsetzen. D'Gäscht haten awer am leschte Véierel méi Kraaft iwwreg, soudass si déi enk Partie fir sech entscheede konnten.

Am Kader vum 1. Spilldag am Playdown ass de Match tëschent Wolz an dem RacingForfait mat 20:0 gewäert ginn.

Den Iwwerbléck vun den Dammen

LBBL

Resultater Dammen 2. Tour

Playdown

Playdown Dammen