Domat séchert sech d'Ekipp vum Ken Diederich am drëtte Match déi éischt Victoire vun der aktueller Kampagne.

Am drëtte Match vun der Prequalifikatioun fir d'Europameeschterschaft 2025 huet sech Lëtzebuerg e Sonndeg den Owend an der Coque mat 86:75 géint Albanien duerchgesat.

De besseren éischte Véierel haten dobäi d'Gäscht, déi no den éischte 10 Minutten e klenge Virsprong vu fënnef Punkten um Konto haten. D'Ekipp vum Ken Diederich konnt doropshin awer eng gutt Äntwert fannen, sou dass zur Hallschent eng 48:41-Féierung um Ziedel stoung. Och am drëtte Véierel hat Lëtzebuerg weider d'Kontroll iwwert de Match. De Virsprong vu 14 Punkten, deen nom drëtte Véierel stoung, huet an der Schlussphas dann awer nach ee Mol gewackelt. D'Albaner hunn den Tempo ugezunn a wollten de Match nees op hir Säit dréinen. Dëst ass awer net méi gelongen a sou wannen d'Lëtzebuerger hiren éischte Match um Enn verdéngt mat 86:75 géint Albanien.