Champions League: VéierelsfinallenChelsea spillt géint Real, Lousgléck fir Bayern München

RTL Lëtzebuerg
Den däitsche Rekordchampion kritt et an de Véierelsfinalle mat Villarreal ze dinn.
© AFP

E Freideg an der Mëttegstonn war zu Nyon an der Schwäiz d’Auslousung vun de Véierelsfinallen an der Futtball-Champions-League. Dobäi gouf och schonn direkt bestëmmt, wéi eng Dueller vun de Véierelsfinallen an den Halleffinallen openeen treffen a wéi ee Gewënner vun den Halleffinallen Heemrecht an der Finall am Stade de France zu Paräis huet.

Den Titelverdeedeger Chelsea kritt et an de Véierelsfinalle mat Real Madrid ze dinn. Fir Manchester City geet et géint Atlético Madrid. Villarreal muss géint den däitsche Rekordchampion Bayern München untrieden. An da kënnt et nach zum Duell Benfica Lissabon géint Liverpool.

Déi méiglech Dueller vun den Halleffinallen:
Manchester City/Atlético Madrid - Chelsea/Real Madrid
Benfica/Liverpool - Villarreal/Bayern München

De Gewënner vun der 2. Halleffinall huet Heemrecht an der Finall.

Rendez-vousen 2021/2022

05.04. - 06.04.2022 Véierelsfinallen, Allersmatcher
12.04. - 13.04.2022 Véierelsfinallen, Retourmatcher
26.04. - 27.04.2022 Halleffinallen, Allersmatcher
03.05. - 04.05.2022 Halleffinallen, Retourmatcher
28.05.2022 Finall zu Paräis

RTL-Artikel: Europa League: Eintracht Frankfurt géint Barcelona an de Véierelsfinallen

Back to Top
CIM LOGO