
No der Champions League sinn e Freideg zu Nyon an der Schwäiz och d’Véierelsfinallen an d’Halleffinallen an der Europa League an an der Conference League ausgeloust ginn.
Leipzig kritt et an de Véierelsfinalle mat Atalanta ze dinn. Eintracht Frankfurt huet eng schwéier Aufgab viru sech. De Bundesligist kritt et mam Titelfavorit Barcelona ze dinn. West Ham United spillt géint Olympique Lyon. An dann ass et nach den Duell Sporting Braga géint d’Glasgow Rangers.
Déi méiglech Dueller an den Halleffinallen:
Leipzig/Atalanta - Braga/Rangers
West Ham/Lyon - Eintracht/Barcelona
An der Finall huet de Gewënner aus der 2. Halleffinall d’Heemrecht.
D’Rendez-vousen 2021/2022
07.04.2022 Véierelsfinallen, Allersmatcher
14.04.2022 Véierelsfinallen, Retourmatcher
28.04.2022 Halleffinallen, Allersmatcher
05.05.2022 Halleffinallen, Retourmatcher
18.05.2022 Finall zu Sevilla
E Freideg war och d’Auslousung vun der nächster Ronn an der Conference League.
An de Véierelsfinalle kritt Bodö/Glimt et mat der AS Roma ze dinn. Feyenoord kritt et mat Prag ze dinn. An da kënnt et nach zu den Dueller Marseille géint Paok a Leicester géint PSV Eindhoven.
Déi méiglech Dueller an den Halleffinallen:
Leicester/Eindhoven - Bodö/Glimt/Roma
Feyenoord/Prag - Marseille/PAOK
An der Finall huet de Gewënner aus der 1. Halleffinall d’Heemrecht.
D’Rendez-vousen 2021/2022
07.04.2022 Véierelsfinallen, Allersmatcher
14.04.2022 Véierelsfinallen, Retourmatcher
28.04.2022 Halleffinallen, Allersmatcher
05.05.2022 Halleffinallen, Retourmatcher
25.05.2022 Finall zu Tirana