BasketballConter bleift an der LBBL

RTL Lëtzebuerg
Den AB Conter setzt sech och am zweete Barragematch géint Munneref duerch a gewënnt um Schluss mat 95:94 no zweemol Overtime.
© AFP / Archiv

An engem spannende Match, deen zweemol an d’Overtime goung, huet sech Conter um Enn géint Munneref duerchgesat a séchert sech domat den Ticket fir och an der nächster Saison an der LBBL ze spillen.

Conter huet den zweete Barragematch an der éischter Hallschent kontrolléiert a konnt och den drëtte Véierel fir sech entscheeden, mee am leschte Véierel huet Munneref sech an e Rausch gespillt an huet Conter 12 Punkten ofgeholl. De leschte Worf huet entscheet, dass et an d’Overtime goung.

Conter gewënnt 95:94 géint Munneref
No duebeler Overtime setzt Conter sech duerch a bleift an der LBBL.

An der éischter Overtime gouf et kee Gewënner an och den zweete 5 Minutten war et bis zum Schluss spannend. Um Enn setzt sech de Veräin aus der LBBL mat 95:94 (23:17, 18:16, 21:17, 14:26, 19:18) duerch.

E Sonndeg ass bei den Dammen déi zweet Finall tëscht der Résidence Walfer an dem T71 Diddeleng. Bei den Häre steet den drëtte Match tëscht der Amicale Steesel an Diddeleng um Programm.

Back to Top
CIM LOGO