Nations LeagueUngarn setzt sech doheem géint England duerch

RTL Lëtzebuerg
Donieft deele sech Italien an Däitschland d’Punkten, wärend Montenegro géint Rumänien gewënnt.
© AFP

E Samschdeg den Owend sinn an der Nations League déi lescht Matcher vum 1. Spilldag absolvéiert ginn.

Am éischte Grupp vun der Liga C huet Lëtzebuerg sech iwwerdeems mat 2:0 a Litauen duerchgesat.

Liga A

Ungarn - England 1:0
1:0 Szoboszlai (66’, Eelefmeter)

Iwwerraschend muss sech de Finalist vun der Europameeschterschaft 2021 an Ungarn geschloe ginn. D’Ungaren hu sech net verstoppt an aktiv matgespillt, wärend England seng wéineg Chancen net verwandele konnt. Een Eelefmeter no ronn enger Stonn geet der Lokalekipp also duer, fir an enger Grupp mat England, Däitschland an Italien déi éischt dräi Punkte matzehuelen.

Italien - Däitschland 1:1
1:0 Pellegrini (70’), 1:1 Kimmich (73’)

Däitschland kënnt géint eng deziméiert “Squadra Azzurra” net iwwer e Remis eraus. An der éischter Hallschent war et zwar gréisstendeels e Match op Aenhéicht, ma richteg gutt Occasiounen goufen et fir d’Spectateuren awer wéineg ze gesinn. No der Paus huet Italien d’Heft an d’Hand geholl an d’Spiller vum Roberto Mancini sinn ëmmer méi dominant opgetrueden. An der 70. Minutt huet de Pellegrini seng Faarwen du verdéngt a Féierung bruecht, dat no Virlag vum Debutant Gnonto. Däitschland hat awer dorop direkt eng Äntwert an huet just dräi Minutten duerno duerch de Kimmich ausgeglach. An der Schlussphas huet d’Ekipp vum Hansi Flick nees d’Spillkontroll iwwerholl an hat e puer gutt Geleeënheeten, ma um Enn trenne sech béid Ekippe mat engem gerechten 1:1.

Liga B

Armenien - Irland 1:0
1:0 Spertsyan (74’)

Finnland - Bosnien-Herzegowina 1:1
1:0 Puuki (45+1’, Eelefmeter), 1:1 Prevljak (90+3’)

Montenegro - Rumänien 2:0
1:0 Mugosa (66’), 2:0 Vukcevic (87’)

Den Iwwerbléck vun de Resultater

Back to Top
CIM LOGO