
E Samschdeg den Owend stoung fir déi lëtzebuergesch Futtballnationalekipp a Litauen den éischte Spilldag vun der Nations League um Programm.
Op syntheteschem Terrain ka Lëtzebuerg sech an engem intensiven a kierperleche Match mat 2:0 duerchsetzen. Zwar ass Litauen besser an de Match komm, ma d’Rout Léiwen si mat der Zäit méi sécher ginn a konnte kuerz virun der Paus duerch den Danel Sinani de wichtegen 1:0 markéieren. No der Paus war et ee Match ouni vill Geleeënheeten, bis de Sinani an der 78. Minutt ee schéine Spillzuch mat sengem zweete Gol kréine konnt. Sou geet de Match um Enn mat 2:0 fir déi Lëtzebuerger op en Enn. Schonn en Dënschdeg geet et fir dem Luc Holtz seng Ekipp mam 2. Spilldag op de Färöer Insele weider.
Am zweete Match vun der Grupp tëscht der Tierkei an de Färöer Inselen huet sech de Favorit souverän mat 4:0 behaapt, dat duerch Goler vum Ünder (37’), Dervisoglu (47’), Dursun (82’) an Demiral (85’).
An den anere Lige gouf et iwwerdeems ënner anerem eng Victoire fir Ungarn géint England, wärend Italien an Däitschland sech d’Punkten deelen.
Scho virum Match gouf et eng kleng Iwwerraschung, well den Edvin Muratovic, dee grad vun Diddeleng op de Racing gewiesselt ass, virum Gerson Rodrigues an den éischten Eelef stoung. De Luc Holtz huet dat domat begrënnt, dass de Stiermer e Freideg um Training liicht ugeschloe war an hie kee Risiko agoe wollt. Och de Sébastien Thill huet vun der Bänk aus ugefaangen.
Op syntheteschem Terrain waren et d’Haushären, déi besser an de Match komm sinn an no engem schéine Spillzuch an der 10. Minutt déi éischt richteg gutt Geleeënheet verzeechne konnten. D’Rout Léiwen konnten an der Ufanksphas dogéint vun hirer technescher Iwwerleeënheet net richteg profitéieren an hunn ëmmer nees Lächer an der Defense gewisen.
D’Lëtzebuerger hu sech dann nees gefaangen a konnten de Ball och méi an den eegene Reien halen, geféierlech Situatiounen sinn doraus awer seelen entstanen. Et waren éischter déi Litauer, déi méi geféierlech virun de Lëtzebuerger Gol komm sinn, ma bei hinnen huet et u Prezisioun gefeelt.
De Match ass doropshin e bësse verflaacht a fir eng Zäit hat keng Ekipp méi gutt Occasiounen. D’Rout Léiwen hu sech awer no an no verbessert an an der 44. Minutt war et den Danel Sinani, deen no enger schéiner Kombinatioun mam jonken Yvandro Borges Lëtzebuerg duerch ee prezisen Ofschloss 1:0 a Féierung geschoss huet, woumat et och an d’Kabinne gaangen ass.
Fir déi zweet Hallschent gouf et dunn e Wiessel op Lëtzebuerger Säit an de Gerson Rodrigues ass fir de Vincent Thill op den Terrain komm.
Litauen ass och no der Paus ëmmer nees virun de Gol komm, ma richteg Problemer konnte si dem Anthony Moris awer net bereeden, well dacks keng geféierlech Ofschlëss aus hire Situatiounen entstane sinn.
Dunn ass béiden Ekippen an der Offensiv laang net méi vill agefall, bis de Sinani an der 78. Minutt no engem gelongene Spillzuch äiskal den 2:0 fir Lëtzebuerg markéiere konnt. Fir de Mathias Olesen war et iwwerdeems déi éischt Virlag an der Nationalekipp.
Mat dësem Gol hunn d’Rout Léiwen den Deckel op d’Partie dropgemaach an hate souguer nach e puer Chance op den 3:0, ënner anerem duerch déi agewiesselt Olesen a Bohnert, déi fir de Borges an de blesséierte Muratovic erakomm waren. Um Enn bleift et awer bei där ënnert dem Stréch verdéngter 2:0-Victoire.