RTL-Informatioune confirméiertDe Racing huet mam Fahrudin Kuduzovic en neien Trainer fonnt

RTL Lëtzebuerg
Déi lescht Saison souz nach de Jeff Saibene beim Stater Veräin op der Trainerbänk, ma hien hat sech no der Coupe-Victoire zeréckgezunn.
© Racing / Facebook

Am nationale Futtball huet de Racing mam 37 Joer ale Fahrudin Kuduzovic e Successeur fir de Jeff Saibene um Trainerposte fonnt. Hien huet e Kontrakt bis Juni 2024 ënnerschriwwen.

De Fahrudin Kuduzovic ass keen Onbekannten am Grand-Duché. Hien huet fir den RM Hamm Benfica, Munneref an d’Millebaach gespillt. Wärend der Saison 18/19 war hien och Trainer an der Millebaach. Zanter Juli 2019 war hie Co-Trainer bei der Eintracht vun Tréier, de Veräin spillt aktuell an der däitscher Oberliga Rheinland-Pfalz. Elo sëtzt hien da vun der nächster Saison un um Trainerstull beim Racing.

Back to Top
CIM LOGO