
Domadder kéint et sinn, datt een de Match am DFB-Pokal net wéi ursprénglech geplangt den 30. August zu Dessau spille kéint, esou déi Verantwortlech vun Ottensen. Dëst well de Wues sech bis dohin net erholl kritt. Dobäi gouf de Match schonn extra no hanne verluecht, well Leipzig am Juli, wou déi éischt Ronn an der däitscher Coupe gespillt gouf, géint den FC Bayern München am Supercup ugetrueden ass.
Den Hamburger Veräin Teutonia Ottensen muss sech deemno no engem aneren Terrain ëmkucken, wou si hire Match spille kënnen. Allerdéngs ass déi Sich no engem Terrain méi schwéier, wéi geduecht. Net ëmsoss wollte si zu Dessau spillen, wat 400 Kilometer wäit vun Hamburg fort läit: Ottensen krut vun der däitscher Futtballfederatioun verbueden, op hirem eegenen Terrain ze spillen, well de Club aus dem Norde just e syntheteschen Terrain huet.
Déi zwee grouss Hamburger Sportveräiner, den HSV an den FC St. Pauli, wëllen Ottensen iwwerdeems hiren Terrain net fir de Match ginn. Dëst well et géint de Projet vu Red Bull goe géif. Doriwwer eraus dierf de Match och net zu Leipzig gespillt ginn. Dat verbidden d’Gesetzer an d’Reegele vum DFB.
Ob a wou de Match elo gespillt gëtt, steet deemno nach an de Stären.