
Och an der Bundesliga goufen e Samschdeg eng Partie Matcher gespillt, den Iwwerbléck fannt Dir hei.
Southampton - Manchester United 0:1
0:1 Fernandes (55’)
Nom ganz schwaache Start an d’Saison gewannen d’"Red Devils” elo den zweete Match hannerteneen. An enger ausgeglachener Partie bréngt de Fernandes d’Ekipp vum Erik ten Hag mat engem schéine Volley a Féierung, wat och den eenzege Gol vum Dag bleiwe sollt. An der 80. Minutt feiert de Casemiro, dee vu Real Madrid op Manchester gewiesselt ass, säin Debut.
Liverpool - AFC Bournemouth 9:0
1:0 Diaz (3’), 2:0 Elliott (6’), 3:0 Alexander-Arnold (28’), 4:0 Firmino (31’), 5:0 van Dijk (45’), 6:0 Megham (46’, Selbstgol), 7:0 Firmino (62’), 8:0 Carvalho (80’), 9:0 Diaz (85’)
Liverpool schéisst sech de Frust iwwer de schwaachen Ufank vun der Saison vun der Séil an iwwerrennt Bournemouth un der Anfield Road. Den Opsteiger huet de Reds näischt entgéintzesetzen, déi de Match vun der éischter bis zur leschter Minutt dominéieren an déi éischt Victoire am 4. Match feieren.
Manchester City - Crystal Palace 4:2
0:1 Stones (4’, Selbstgol), 0:2 Andersen (21’), 1:2 Silva (53’), 2:2 Haaland (62’), 3:2 Haaland (70’), 4:2 Haaland (81’)
An der Halbzeit gesäit et nach duerno aus, wéi wa Manchester City déi éischt Defaite vun der Saison astieche muss. Doropshin dréinen d’"Sky Blues” allerdéngs op a virun allem den Erling Haaland ass net ze stoppen. No 3 Goler vum Ex-Dortmunder heescht et um Enn 4:2 fir d’Ekipp vum Pep Guardiola, déi domat hannert Arsenal op Plaz 2 bleift.
Arsenal - Fulham 2:1
0:1 Mitrovic (56’), 1:1 Ødegaard (64’), 2:1 Magalhaes (86’)
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Cremonese - FC Turin 1:2
0:1 Bianchetti (17’, Selbstgol), 0:2 Radonjic (65’), 1:2 Sernicola (80’)
Juventus Turin - AS Roum 1:1
1:0 Vlahovic (2’), 1:1 Abraham (69’)
Juventus Turin geet quasi mat der éischter Aktioun vum Match duerch ee Fräistouss a Féierung. Duerno war et eng relativ ausgeglache Partie, an där d’Lokalekipp déi besser Chancen hat, déi awer net notze konnt. An der zweeter Hallschent gouf et dunn op béide Säiten net méi vill Geleeënheete, ma no 69 Minutte konnt den Abraham zum Ausgläich akäppen, wat gläichzäiteg och d’Schlussresultat sollt sinn.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
AJ Auxerre - Stroossbuerg 1:0
1:0 Perrin (29')
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
Elche - Real Sociedad 0:1
0:1 Mendez (20’)