E Samschdeg waren am Handball d’Damme vun Diddeleng a Käerjeng am Kader vun den Allersmatcher vun der 2. Ronn am EHF European Cup am Asaz.

D’Damme vun Diddeleng konnte sech hei mat 22:19 géint WAT Atzgersdorf behaapten. Diddeleng louch fréi mat 3 Goler a Réckstand, ma si hu sech nees zréckgekämpft an no 16 Minutte stoung et 8:5 fir den HBD. Dee Virsprong konnt d’Ekipp aus der Forge du Sud och bis zur Paus nach ausbauen, sou dass et mat 13:8 an d’Kabinne gaangen ass.

D’Gäscht aus Éisträich hu sech allerdéngs net opginn a si besser an den zweeten Duerchgang gestart. No 45 Minutte stoung et just nach 17:15 aus Siicht vun den Diddelenger Dammen, déi awer du Kampfgeescht bewisen hunn an d’Avance bis zum Enn bäibehale konnten. Fir den HBD huet d’Joy Wirtz 8 an domat déi meeschte Goler markéiert. E Sonndeg um 13h ass de Retourmatch, deen och zu Diddeleng gespillt gëtt.

Am zweete Match huet de Champion Käerjeng sech missen däitlech géint Alavarium Love Tiles geschloe ginn. Et war vun Ufank un ee serréierte Match, an deem sech bis zur 29. Minutt keng Ekipp ee Virsprong vu méi wéi zwee Goler erausspille konnt. Do huet Alavarium zweemol hannerteneen d’Netz fonnt, sou dass et mat 11:14 aus Käerjenger Siicht an d’Paus gaangen ass.

Am zweeten Duerchgang hunn d’Spillerinnen aus Portugal du keen Zweiwel méi opkomme gelooss an hir Avance Minutt ëm Minutt vergréissert. De Lëtzebuerger Champion hat net méi vill entgéintzesetzen, sou dass et um Enn 29:20 fir Alavarium heescht. De Retourmatch ass um 17h e Sonndeg um Dribbel, wou et fir Käerjeng wäert schwéier ginn, fir d’Qualifikatioun nach ze packen.