
Am nationale Futtball krut e Méindeg also, nom Henri Bossi op der Jeunesse, deen nächsten Trainer de Stull virun d’Dier gesat. Den FC Déifferdeng 03 huet sech opgrond vun deene leschte Resultater vum Pedro Resende getrennt. Déifferdeng huet no 9 Spilldeeg 11 Punkten a läit op der 9. Tabelleplaz.