Nom 9. Spilldag huet och d'Fola decidéiert, de Stull vum Trainer Miguel Correia virun d'Dier ze setzen.

Dës Nouvelle krute mir elo de Méindeg den Owend vum Veräin matgedeelt. De Kontrakt gouf per "commun accord" opgeléist. D'Doyenne huet dem Miguel Correia fir déi 7 Joer op der Fola villmools Merci gesot an hien huet an enger emotionaler Usprooch de Spiller Äddi gesot, heescht et vum Veräin.

De Serge Wolf, deen zanter e bësse méi wéi 3 Méint als Golkipptrainer fir d'Fola am Asaz war, assuréiert den Interim. Do virdru war den 53 Joer ale Fransous ënnert anerem am Trainerstaff vun Hesper, Nidderkuer, Munneref an dem Racing.

Fir d'Fola hat Saison mat 2 Victoiren an engem Gläichspill ugefaangen, dat waren déi 7 Punkten, déi ee bis elo um Konto huet. Dono hunn d'Alarmklacke mat lauden ugefaangen. Et gouf héich Néierlagen ewéi den 1:8 géint Hesper.

D'Fola huet zanter dem Titel an der Corona-Saison 2021 vill Spiller opgrond vun der finanzieller Situatioun vum Veräin verluer.

E Sonndeg huet d'Fola doheem Besuch vu Rouspert. Dann an iwwer déi nächst Deeg eraus entscheet sech och, ob de Serge Wolf méi laang fir de Club vum Gaalgebierg op der Bänk sëtzt.