BasketballHiefenech trennt sech vu Lukic a sicht fir d'2. dës Saison en neien Trainer

RTL Lëtzebuerg
De BBC US Hiefenech deelt en Dënschdeg mat, datt de Club an den Trainer Predrag Lukic sech am Accord commun trennen.
© Emile Mentz

Domat sicht den US Hiefenech fir d’zweet Kéier an der aktueller Saison no engem neien Trainer. Eréischt am Oktober hat de Lukic d’Ekipp vum Tom Kries iwwerholl. Ma trotzdeem leeft et beim lescht Placéierte vun der LBBL nach ëmmer net ronn, vun 12 Matcher huet d’Ekipp ee gewonnen.

Schreiwes vum BBC US Hiefenech

The Club And Coach Lukic Part Ways

December 6, 2022 Mat dem beidsäitegen Averständnis ginn de BBC US Hiefenech an den Predrag Lukic mat Effet immédiat getrennte Weeër. Den Nelly Stephens an de Max Schmit iwwerhuelen bis op weideres den Trainerstull. Merci fir deng Aarbecht Predrag!

Back to Top
CIM LOGO