Dat huet eis de fréieren Nationalspiller offiziell confirméiert. Deemno ersetzt hie fir d‘Saison 2023/2024 de Christian Kill.

Gilles Michely iwwer Grënn fir Wiessel / Franky Hippert

De Gilles Michely hat jo schonns annoncéiert, datt hien den DT Diddeleng Enn der Saison géing verloossen. Elo ass dann och gewosst, datt hie bei den DT Lénger wiesselt.

Ufank der Woch war et iwwerdeems d‘Nouvelle, datt de Christian Kill als Spiller ophält. Deemno huet den amtéierende Vize-Champion Lénger mam véierfache Landesmeeschter am Eenzel elo en akkuraten Ersatz fonnt.

No 11 Joer siicht de 4-fache Champion am Simple nach emol en neien Challenge, wéi hien dem Franky Hippert erkläert huet.
9 mol ass de Gilles Michely mam Dëschtennis Club vun Diddeleng Champion ginn, 7 mol huet hien mat der Ekipp aus der Forge du Sud d'Coupe de Luxembourg gewonnen. Elo also de Wiessel d'nächst Saison op Lénger, ass virun allem en neien Challenge fir de Gilles Michely. En plus huet hien eng gutt Trainingsgrupp do.

An de leschte Méint war de 4-fache Champion am Simple net méi ëmmer grad esou a Form wéi een dat soss bei him kannt huet. D'Motivatioun bis d'Enn vun der Saison bleift awer héich, an d'Zil ass nach bis an d'Final vun der Coupe ze kommen an den Ofstig ze evitéieren.