Bei den Dammen sti sech e Samschdeg Konter a Bartreng géintiwwer. Béid Ekippe spille bis elo eng gutt Saison.
Dammen
An der Coque virun engem grousse Public kënnen unzetrieden, ass fir béid Ekippen schonn en Héichpunkt. Eng Qualifikatioun fir d’Coupe-Finale wier de Summum. Well d’Sparta am Championnat zu Konter 77 – 66 gewonnen hat, kann een der Ekipp vum Trainer Mike Feyder vläicht déi besser Aussiichten araumen. E Sonndeg heescht déi 2. Halleffinall dann T71 Diddeleng géint de Gréngewald. Dat sinn am Moment déi zwou bescht Ekippen aus dem nationale Championnat. Allebéid hunn och europäesch gespillt a begéine sech hei op Aenhéicht. Den T71 hat d’lescht Saison den Doublé verpasst, well si an der Coupefinall géint den Outsider Walfer versot haten. Dat wëlle si dëst Joer besser maachen.
Allerdéngs trëtt de Géigner och mat groussen Ambitiounen un. Gläich 3 Profispillerinnen hu si an hirem Kader, iwwerdeems bei Diddeleng mam Shay Winton, Catherine Mreches a Michelle Dittgen dräi Spillerinne ausfalen. T71 géint de Gréngewald versprécht eng attraktiv a spannend Partie ze ginn, wou den Ausgank op ass.
Hären
Bei den Hären trëfft d‘Etzella e Samschdeg op de Gréngewald. Op den éischte Bléck ass Ettelbréck an der Favoritteroll. Mee de Gréngewald huet dës Saison scho fir munch Iwwerraschung gesuergt. D’Etzella huet de blesséierten Amerikaner Smith duerch den Tim Bond ersat. An deen huet de leschte Sonndeg direkt grouss ageschloen. Mee och de Gréngewald huet mam Terry Winn eng nei Verstäerkung engagéiert. Am Fall vun enger Ettelbrécker Victoire stéing d’Etzella fir 35. Kéier an enger Coupefinall.
Spannung pur versprécht dann de Süd-Derby um Sonndeg tëschent dem T71 an dem Coupeverdeedeger Basket Esch. Wann de Clancy Rugg an de Pit Biever erëm gesond sinn, da sinn déi Escher, wéi den Alex Rodenbourg seet, schwéier ze klappen.
Diddeleng ass hongreg. Niewent Taylor, Greenwood a Logins mussen Andjelkovic, Kalmes a Moura hire Part bréngen, dann huet den T71 duerchaus grouss Chancen op d’Finall.
Déi 4 Halleffinallen kennt dir och op RTL.lu am Livestream suivéieren.
Samschdeg:
17.45 AB Konter – Sparta Bartreng Dammen
20.15 Etzella – Gréngewald Hären
Commentaire: Shari Schenten & Cliff Schmit
Sonndeg:
15.00 T71 Diddeleng – Gréngewald Dammen
17.30 T71 Diddeleng – Basket Esch Hären
Commentaire: Jeff Kettenmeyer & Xavier Engel