
D’TSG Hoffenheim huet sech vum Trainer André Breitenreiter getrennt. Den Tabelle-14. aus der Futtballbundesliga reagéiert domat op déi sportlech Entwécklung an de leschte Wochen a Méint.
E Samschdeg huet Hoffenheim 2:5 géint de Vfl Bochum verluer. An de leschten 9 Bundesliga-Matcher krut Hoffenheim just zwee Punkten, an der Aachtelsfinall vum DFB-Pokal huet een 1:3 géint RB Leipzig verluer. Et gouf nach kee Successeur presentéiert, am Gespréich ass awer de Pellegrino Matarazzo.