D’UN Käerjeng, Drëttleschten aus der ieweschter Divisioun am Lëtzebuerger Futtball, huet sech um Dënschdeg vu sengem Trainer Marc Thomé getrennt.

Dat huet de Veräin aus der Brauereistad op senger Internetsäit matgedeelt. No interne Reuniounen zanter der 1:2-Defaite e Sonndeg géint Stroossen, hätt een déi Decisioun elo geholl.

Virun engem Mount nach hat eis de Marc Thomé an eisem Podcast "Drëtt Hallschent de Sporttalk" gesot, datt Käerjeng säi leschte Veräin wär an, datt hie wëlles hätt nach 10 Joer do ze bleiwen.

Bei der UNK mécht elo emol kuerzfristeg eng intern Léisung den Interim an duerno gëtt da wärend der Lännermatchpaus gekuckt, wéi et weider geet.