Den HB Esch huet mat 29:35 zu Bierchem verluer. Am Spëtzematch bei den Dammen trenne sech Käerjeng an Diddeleng 20:20.

Bei den Dammen a bei den Häre stoung de fënnefte Spilldag am Playoff um Programm.

Axa League Hären

Käerjeng setzt sech mat 32:28 géint den HB Diddeleng duerch, nodeems si de ganze Match a Féierung louchen. Béid Ekippe ware gutt an de Match komm, awer bis zur Paus huet Käerjeng sech en Ecart vu sechs Goler erausgespillt (20:14). Diddeleng huet no der Paus probéiert nees erunzekommen, mee Käerjeng huet ëmmer an de richtege Momenter déi wichteg Goler geschoss an den HBD op Distanz gehalen. Bescht Buteure ware mat jeeweils néng Goler den Armin Zekan (HBK) an den David Ojie Etute (HDB). Käerjeng huet vun der Escher Néierlag profitéiert an ass elo neien Tabelleleader.

Iwwerraschend kloer huet den HC Bierchem dem HB Esch am Kampf ëm d'Meeschterschaft e Bee gestallt. D'Ekipp aus dem Réiserbann setzt sech 35:29 géint den amtéierende Champion duerch. Bierchem war de ganze Match a Féierung, Esch konnt just kuerz virun der Paus gläichzéien, mee no der Paus huet Bierchem den Ecart konstant bei véier Goler gehalen a konnt sech um Enn kloer duerchsetzen.

Am drëtte Match vum Titel-Playoff gewënnt Déifferdeng kloer 35:18 beim Chev Dikrech.

Am Opstigsgrupp huet de Standard mat 42:17 beim HB Bieles gewonnen, Réiden verléiert doheem mat 28:36 géint de Museldall a Rëmeleng huet wéinst dem Forfait vun Arel mat 20:0 gewonnen. De Match tëscht dem HB Péiteng an dem HBC Schëffleng ass nach net datéiert.

Spillplang Häre Playoff

Relegatioun Hären

Axa League Dammen

Am Spëtzematch vum fënnefte Spilldag hu sech Käerjeng an Diddeleng 20:20 getrennt. An engem Match mat wéineg Goler waren d'Gäscht vun Diddeleng besser an de Match komm. Käerjeng konnt sech bis zur Paus nees erukämpfen a sou stoung et no 30 Minutten 10:11 aus der Siicht vun de Käerjengerinnen. Nom Säitewiessel huet d'Féierung ëmmer changéiert, soudass et mat engem gerechte Gläichspill ausernee goung. Mat jeeweils sechs Goler waren d'Joy Wirtz an d'Luiza Maria Dascalu fir hir Ekippe bescht Marqueuren.

Den Tabellendrëtte Red Boys wënnt knapp mat 24:21 zu Dikrech an den HB Esch bestätegt seng aktuell gutt Form mat enger 27:21-Victoire beim HB Museldall.

An der Relegatioun huet sech de Standard mat 13:21 géint Bieles musse geschloe ginn a Réiden huet sech mat 32:22 géint Schëffleng duerchgesat.

Spillplang Damme Playoff