
© Emile Mentz
Ettelbréck klappt Esch mat 79:65. Bei den Damme séchert sech de Gréngewald mat engem 71:60 géint Bartreng d'Coupe.
Häre-Finall
D'Etzella Ettelbréck setzt sech mat 79:65 (16:21, 19:11, 19:15, 25:18) géint de Basket Esch duerch a gewënnt no 2019 nees eng Kéier d'Coupe de Luxembourg. Bei der 35. Participatioun an enger Finall war et déi 25. Victoire fir d'Etzella.
Esch, de Gewënner vun 2022, war besser an de Match komm, mee ab dem zweete Véierel huet d'Etzella de Kommando iwwerholl an d'Ekipp aus der Minettmetropol huet de Fuedem verluer a keng Léisunge géint d'Ettelbrécker Verdeedegung fonnt. Zwar war de Clancy Mac Rugg op Escher Säit de beschte Marqueur vum Match (23 Punkten), mee déi Ettelbrécker hunn als Ekipp dogéint gehalen. Op Ettelbrécker Säit war de Philippe Gutenkauf (18 Punkten, 10, Rebounds, 4 Assists) de beschte Mann um Terrain.
Mat knapp 4.500 Leit an der Arena vun der Coque war et eng erfollegräich Editioun vun der Finall.
Damme-Finall
An der Finall vun den Damme setzt sech de Gréngewald um Enn kloer mat 71:60 (15:18, 14:22, 22:5, 20:15) géint d'Sparta duerch.
D'Sparta huet dem Gréngewald an der éischter Hallschent gewisen, dass et net esou einfach wäert ginn, d'Coupe mat Heem ze huelen. Den éischten an den zweete Quarter goungen un d'Ekipp vu Bartreng, soudass si mat eelef Punkten Avance an d'Paus goungen. Nom Säitewiessel ass bei de Spartaer Dammen an den éischten zéng Minutten näischt méi gelaf. Si hu just fënnef Punkte markéiert, wärend de Gréngewald der 22 geworf huet an esou zeréck an de Match koum.
De Gréngewald huet virun allem vun de villen Dräier an der zweeter Hallschent profitéiert an esou de Match um Enn fir sech entscheet. Mat 25 Punkte hat d'Samantha Logic beim Gréngewald e groussen Undeel un der Victoire genee esou wéi Lauren Anne van Kleunen mat hiren 18 Rebounds.

© RTL / Cliff Schmit