Mamer huet sech kloer géint d'Gym duerchgesat an Bartreng huet géint Dikrech gewonnen.

Am éischte Match vun der Halleffinall huet sech Mamer kloer mat 3:0 géint Gym duerchgesat. No engem knappen éischte Saz, dee mat 25:23 un d'Gäscht, d'Gym war zu Walfer als Heemekipp gesat, gaangen ass, hu si dono zwee Mol e kuerze Prozess konnte maachen, datt mat engem 25:10 a 25:17. Esou huet sech Mamer dann och als éischt Ekipp fir d'Finall an der Coupe qualifizéiert.

Do treffe si dann op d'Damme vu Bartreng, déi géint Dikrech hu missten untrieden. Och hei gouf et e ganz enken éischte Saz, deen d'Gäscht, Bartreng war an der zweeter Halleffinall als Gaaschtekipp gesat, mat 27:25 fir sech entscheede konnten. Den zweete Saz war da liicht manner knapp, ass awer mat 25:19 u Bartreng gaangen. Ma déi Dikrecher wollte sech net esou einfach geschloe ginn an hunn den drëtte Saz mat 25:21 fir sech entscheede konnten. Ma de leschte Saz ass da mat 25:16 nees kloer u Bartreng gaangen, déi sech domadder 3:1 duerchgesat a fir d'Finall qualifizéiert hunn.