Lëtzebuerg géint Portugal - e Réckbléck op vergaange Matcher
No dem 0:0-Remis en Donneschdeg géint Slowakei spillt d’Lëtzebuerger Futtball Nationalekipp e Sonndeg am Stade de Luxembourg géint Portugal.
D’Nummer 9 vun der Welt ass mat enger 4:0-Victoire géint Liechtenstein gutt an dës EM-Qualifikatioun gestart an ass hirer Favoritteroll an dësem Grupp J direkt gerecht ginn. Bis e well goufen et 19 Dueller tëscht Lëtzebuerg a Portugal. An do huet den Europameeschter vun 2016 meeschtens d’Iwwerhand behalen
17 Mol konnten d’Portugisen sech duerchsetzen an ee Mol gouf et ee Remis. Déi eenzeg Victoire gouf et am Joer 1961. Deemools konnt een d’Ekipp ronderëm de groussen Eusebio duerch Goler vum Ady Schmit an Nicolas Hoffmann mat 4:2 klappen.
Ee Mann, dee géint Lëtzebuerg ëmmer brilléiert huet, ass de Cristiano Ronaldo. An 10 Matcher konnt de 5-fachen Weltfussballer 9 Mol géint d’Rout Léiwe markéieren. Géint kee Land huet den CR7 méi Goler geschoss. Laang gouf diskutéiert, ob de Cristiano Ronaldo ënnert dem neien Nationaltrainer Roberto Martinez an der Nationalekipp géif weiderspillen.
Mat sengem 119. an 120. Gol fir d’Selecao en Donneschdeg géint Liechtenstein, huet de Star-Stiermer op en Neits bewisen, wéi wichteg hie fir déi portugisesch Nationalekipp ass.
Gläichzäiteg huet hie mat sengem 197. Match fir den Europameeschter vun 2016 de Kuwaiter Bader Al-Mutawa als Rekordnationalspiller vun der Welt ofgeléist.
Lëtzebuerg – Portugal ass dann awer och méi wéi just ee Fussballmatch. Ronn 95.000 Portugisen wunnen zu Lëtzebuerg. Dat si ronn 15 Prozent vun der Populatioun. Ee volle Stadion an ee Fussball-Fest sinn also virprogramméiert.