D'Entscheedung wien an d'Halleffinall anzitt fält deemno am decisiven drëtte Match. Damme vun der Sparta wannen zu Steesel a stinn domat ënnert den Top 4.

En Donneschdeg den Owend stounge bei den Dammen a bei den Hären déi lescht Retourmatcher vun den 1/4-Finallen am Playoff um Programm. Damme vun der Sparta gewanne mat 82:73 och hiren 2. Match géint d'Amicale Steesel a stinn domat nieft Walfer, Diddeleng an dem Gréngewald an den Halleffinallen.

Bei den Hären zitt Esch zu Walfer mat 76:80 de Kierzeren. Et bleift deemno spannend an dëser Serie. Am Best-of-Three Modus kennt et no der Victoire vun der Sparta e Mëttwoch den Owend géint Diddeleng och zu engem drëtte Match, nämmlecht wéi tëscht der Etzella a Fiels. Steesel huet iwwerdeems Konter eliminéiert a steet bis ewell als eenzeg Ekipp sécher an der 1/2-Finall.

Hären

D’Sparta Bartreng wollt an der heemescher Hal Revanche huele fir déi knapp 72:74-Defaite leschte Samschdeg zu Diddeleng. Déi Missioun hu si allerdéngs missen ouni de Yannick Verbeelen untrieden. De 24 Joer ale Lëtzebuerger hat sech am Allersmatch de Fanger gebrach. An et war dee mat spannend erwaarten enke Match, bei deem sech d'Sparta um Enn mat 103:90 kann duerchsetzen.

Béid Ekippen hu sech vun Ufank un näischt geschenkt a virun allem an der Offensiv fir e Spektakel gesuergt. Sparta louch tëschenzäitlech mat 7 Punkten a Féierung (27:20), huet dunn awer missen nokucken, wéi den T71 zeréck an de Match komm ass, a sengersäits Mëtt vum zweete Véierel mat 36:32 vir louch. Et ass an der Suite vum Match weider hin an hier gaangen. No enger hektescher Schlussminutt am 2 Véierel ass et mat 53:55 aus der Siicht vun der Sparta an d'Paus gaangen.

Een änlecht Bild huet sech am 3. Véierel gewisen. Et war eng immens serréiert an ëmkämpfte Partie, ob béide Säite gouf sech absolut näischt geschenkt. Sparta war virum leschte Véierel awer weider a Réckstand, dat mat 79:80. An deene leschten 10 Minutten ass der Ekipp ronderëm de Kapitän Victor Stein dunn direkt um Ufank vum leschte Véierel e 16:0-Laf gelongen - dëse sollt dann och d'Entscheedung an dësem Match ervirbréngen. Deemno ass am Duell Sparta - Diddeleng nach keng Entscheedung gefall, an et muss e drëtten an decisive Match hier, fir ze gesinn, wéi eng Ekipp et an 1/2-Finall packt.

Arantia Fiels - Etzella Ettelbréck 90:81

Spannend war et och an der Fiels, wou d’Arantia et mat der Etzella Ettelbréck ze di krut. D'Fiels bleift an eegener Hal säit November weider ongeschloen, klappt Ettelbréck an erzwéngt een drëtte Match, deen dann allerdéngs nees an den Däichwise gespillt gëtt.

AB Konter - Amicale Steesel 100:105

Résidence Walfer - Basket Esch 80:76

Resultater Hären 1/4-Finallen

Dammen

Konter krut et doheem mat Walfer ze dinn. Huet d'Ekipp ronderëm d'Lou Mathieu den Allersmatch nëmme knapp op 3 Punkte verluer, haten si am Retourmatch den Drock op hirer Säit, fir net fréizäiteg eliminéiert ze ginn. Konter Damme sinn awer gutt an de Match komm an hunn gewisen dass si op Revanche aus sinn. No 7 gespillte Minutte louch Lokalekipp no engem 2 Punkte Worf vum Lynn Kaufmann mat 17:8 am Avantage. An der Suite sollt Walfer awer een 13:0-Laf geléngen. Konter hat Schwieregkeeten zeréck an de Match ze fannen, an ass mat engem 2 Punkte Réckstand (36:38) an d'Paus gaangen.

Nom Téi ass an der Offensiv bei béiden Ekippen net vill zesumme gelaf, sou dass d'Entscheedung am leschte Véierel sollt falen. Hei hat Walfer um Enn déi besser Nerven, a ka sech no 40 ëmkämpfte Minutte mat 78:70 géint den ABC behaapten. Beschte Scorerin war d'Amanda Brooke op Walfer Seit mat 22 Punkten.  Fir Konter ass d'Saison deemno eriwwer, Walfer steet dogéint an der 1/2-Finall.

Musel Pikes - T71 Diddeleng 76:81

Basket Esch - Gréngewald 69:94

Amicale Steesel - Sparta Bartreng 73:82

Fir d'Halleffinalle kenne sech deemno Walfer, Diddeleng de Gréngewald an d'Sparta qualifizéieren.  

Resultater Dammen 1/4-Finallen