Sparta Rotterdam verléiert trotz Gol vum Mica Pinto

© AFP-Archiv
Déi lescht Deeg waren nees eng Partie Lëtzebuerger Futtballer am Ausland am Asaz.
Méindeg
Um Méindeg den Owend deelt den Olivier Thill an der 1. tierkescher Liga a fir de Kont vum 30. Spilldag mat senger Ekipp Eyüpspor 1:1 géint Erzurumspor.
Sonndeg
An der 3. Liga an Däitschland huet Waldhof Mannheim sech e Sonndeg mat 1:2 zu Saarbrécken misse geschloe ginn. De Kapitän vun der Lëtzebuerger Nationalekipp huet 90 Minutte laang gespillt.
De Mica Pinto confirméiert seng gutt Form. De Lëtzebuerger Nationalspiller hat fir seng Ekipp Sparta Rotterdam an der 33. Minutt den tëschenzäitlechen 1:1 an der Partie géint Feyenoord Rotterdam geschoss. Nawell huet Sparta um Enn mat 1:3 verluer.
Austria Wien mam Lëtzebuerger Marvin Martins spillt an der héchster éisträichescher Liga e Sonndeg 2:2 géint LASK Linz. De Lëtzebuerger Defenseur huet de ganze Match gespillt.
An der Nuecht op e Sonndeg war och an der MLS gespillt ginn. New York City FC mam Maxime Chanot koum hei net iwwer en 1:1 géint New England Revolution eraus.
A Schweden verléiert Degerfors mam Seid Korac 1:3 géint Hammarby. De jonke Lëtzebuerger huet duerchgespillt. Am nämmlechte Championnat gëtt et och eng 1:2-Néierlag fir AIK Stockholm géint Halmstads. De Vincent Thill ass an der 77. Minutt agewiesselt ginn.
An der zweeter portugisescher Liga huet Vilafranquense däitlech mat 4:0 géint Nacional Funchal gewonnen. Den Eric Veiga gouf an der 50. Minutt ausgewiesselt.
An der éischter belscher Liga gewënnt d'Union Saint-Gilloise mat 2:1 géint St. Truiden. Wéi ëmmer stoung de Lëtzebuerger Nationalgolkipp Anthony Moris bei der Union Saint-Gilloise tëscht de Pottoen.
Samschdeg
Den Danel Sinani stoung bei der 1:0-Victoire vu Wigan Athletic géint d'Queens Park Rangers an der Startopstellung. De Lëtzebuerger Nationalspiller huet an der 32. Minutt awer blesséiert missen ausgewiesselt ginn.
An der héchster ungarescher Liga huet Ujpest e spannende Match mat 3:2 géint Zalaegerszeg gewonnen. Den Tim Hall huet de komplette Match iwwer gespillt.
An der däitscher Bundesliga huet Mainz mat 3:0 zu Leipzig gewonnen. De Lëtzebuerger Nationalspiller Leandro Barreiro huet seng staark Form nees eng Kéier ënner Beweis gestallt an 90 Minutte laang duerchgespillt.
A Frankräich an der Ligue 2 huet Bastia mat 3:2 géint Sochaux gewonnen. De fréieren Nidderkuer-Spiller Florian Bohnert huet de komplette Match gespillt.
Freideg
An der zweethéchster éisträichescher Divisioun war den Dirk Carlson e Freideg mat St. Pölten géint Lafnitz am Asaz. Hei gouf et en 2:2-Remis. D'Ekipp vum Lëtzebuerger war gutt am Match an huet sech an der 54. Minutt fir hir Méie belount. Esou konnt den Hartwig no enger Virlag vum Montnor den 1:0 fir St. Pölten markéieren. Duerno huet Lafnitz allerdéngs opgedréint an de Match duerch Goler an der 59. souwéi an der 62. Minutt gedréint. D'Schlusswuert sollt allerdéngs St. Pölten hunn, déi am Numm vum Barlov an der 77. Minutt egaliséiert hunn. Den Dirk Carlson stoung dee ganze Match iwwer um Terrain. St. Pölten huet duerch de Remis iwwerdeems d'Tabellespëtzt iwwerholl. Dëst well Linz hire Match verluer huet.
Donneschdeg
Fir den Olivier Thill an Eyüpspor war et kee gudden Owend. Net nëmmen dass Eyüpspor mat 0:2 verluer huet, mee och dass de Réckstand op déi 1. Plaz an der Tabell elo bei 7 Punkte leit. De Géigner vun haut, Sakaryaspor, ass ausserdeem elo op 1 Punkt un de Lëtzebuerger seng Ekipp eru komm. Den Olivier Thill selwer souz um Ufank nach op der Bänk, éier hie beim Stand vun 0:2 direkt no der Paus agewiesselt ginn ass.