Basket
T71 Diddeleng eliminéiert d'Sparta a steet an der Halleffinall
E Samschdeg den Owend war an der Best-of-3-Serie tëscht Diddeleng an der Sparta den drëtten an decisive Match.
E spannende Match huet sech annoncéiert an et war och laang Zäit ganz spannend. Déi Diddelenger louche wuel ëmmer am Avantage, konnte sech awer net decisiv ofsetzen. Deemno louch den T71 an der Paus 5 Punkten am Avantage.
An der zweeter Hallschent konnten déi Diddelenger den Ecart ëmmer weider vergréisseren, esou dass si um Enn mat 76 op 62 gewannen a sech domat fir d'Halleffinalle qualifizéieren.
Spiller vum Match war wuel den Diddelenger Kapitän Kevin Moura, dat mat 21 Punkten a 6 Assists.
Am meeschte gelies