De Basket Esch klappt am decisive Match no enger ganz staarker zweeter Hallschent den T71 Diddeleng mat 79:57 a steet domat nieft Steesel an der Finall. 

E Mëttwoch den Owend stoung den drëtten an domat entscheedende Match tëschent Esch an Diddeleng um Programm. Et gouf de Finall-Géigner vu Steesel gesicht, déi sech géint d'Fiels scho fir d'Finall qualifizéiert haten. No enger formidabeler zweeter Hallschent, bei där bei Diddeleng awer och guer näischt zesumme gelaf ass, ka sech de Basket Esch fir d'Finall qualifizéieren.

Am Playdown ass de Match Gréngewald géint Zolwer eréischt no der Overtime entscheet ginn. Hei konnt sech de Gréngewald um Enn mat 70:68 géint Zolwer duerchsetzen. Am zweete Match ka sech Hiefenech mat 69 op 64 géint d'Musel Pikes duerchsetzen.

Hären

Basket - Esch steet an der Finall: E Reportage vum Sam Rickal

Bis op déi éischt 3 Punkte vum Match (3:0), louch d'Lokalekipp déi ganz éischt Hallschent iwwer a Réckstand, zäitweis bis zu 10 Punkten (13:23). Virun allem ënnert dem Kuerf hat Esch déi éischt 20 Minutte Problemer, souwuel an der Offensiv wéi och an der Defense. Et war een intensiv gefouerte Match, bei deem sech béid Ekippen absolut näischt geschenkt hunn. Esch huet am 2.Véierel an der Offensiv a Persoun vum Clancy Rugg an Jordan Hicks lues awer sécher besser an de Match fonnt a konnt esou de Réckstand bis zu Paus op 5 Punkte kierzen.

E ganz anert Bild huet sech de Spectateuren an der struppevoller Hal zu Lalleng am 3. Quarter gewisen. Esch ass mat 100 à l'heure aus der Kabinn komm an huet Diddeleng reegelrecht iwwerrannt.
Dozou den Diddelenger Kapitän Kevin Moura: "Ech mengen, mir haten zum Schluss keng Kraaft méi. Mir kruten net méi dat ëmgesat, wat mir wollten. Mir sinn d’Systemer net méi propper gelaf a géint eng Ekipp wéi Esch, gëtt et da schwéier. Mir hunn den 3. Véierel wech ginn an da leefs de nëmmen nach hannen drun. Mir hunn de Match am 3. Véierel verluer."

Am Verglach zum 1. Match an der Best-of-Three-Serie krut den T71 de Clancy Rugg guer net an de Grëff. Hie kënnt um Enn op 35 Punkten. Ënnert dem Impuls vum Lëtzebuerger Nationalspiller huet Esch den drëtte Véierel mat 24:7 fir sech entscheet an huet den Match ëm 180 Grad gedréint. Diddeleng konnt sech vun dësem Coup net méi erhuelen, sou dass de Finalist vum leschte Joer däitlech mat 57:79 zu Esch als Verléierer vum Terrain geet.

D'Finall an der LBBL heescht deemno Esch géint Steesel. D'Finalle ginn am Best-of-Five-Modus gespillt.

Resultater Hären

Playdown Hären