Dëse Weekend war an der Coque déi 2. Editioun vum FLBB Rising Stars Camp.

Iwwert de Weekend haten d'Basket-Amateure ënner 12 Joer déi eemoleg Chance, hire Sport wärend 2 Deeg ze trainéieren.
Ronn 120 Meedercher a Jongen hunn dëse Samschden a Sonnde vun dësem Stage profitéiert. Verschidden Atelieren an Tournoien,awer och vill aner Aktivitéiten stoungen um Programm.

D'Zil vum Nationaltrainer war et, dëse Weekend de Kanner net nëmme Freed ze maachen, mee sécherlech och eppes bäizebréngen.

D'FLBB organiséiert scho zanter méi wei 10 Joer Training Camps fir jonk Spiller wärend der Ouschtervakanz. No der Covid-19-Paus a mam grousse Succès vun de fréieren Editiounen hunn si d'Konzept an den Numm liicht modifizéiert.

Wat de Reiz fir de Basket bei der Jugend zu Lëtzebuerg betrëfft ass deen um gudde Wee. A nieft de Kanner schéngen d'Elteren och ganz zefridde gewiescht ze sinn.

Et kann een also e positive Bilan zéien a vun engem groussn Succès schwätzen. D'Plaze waren all ausverkaaft, dofir könnt dir Iech elo schonn de nächsten RDV androen. Am Juni wäert de Stage och fir d'U14 an d'U16 ugebuede ginn.