Zwou Halleffinallen hannereneen an der Coupe am Volleyball bei den Hären hunn dem VC Bissen gehollef, op d'Landkaart vum Lëtzebuerger Volleyball ze kommen.

Virun allem well de Veräin nach net esou laang existéiert. 2016 gouf e gegrënnt an zielt haut 150 Memberen an de Projet mat der Härenekipp gouf virun 2 Joer lancéiert. Grond genuch fir eis emol op Biissen kucken ze goen, wéi eng Objektiver de Veräin mat den Hären huet.

De VC Bissen huet an hirer Divisioun bis dato just zwee Matcher verluer. Direkt deen éischte vum Championnat an elo rezent géint Péiteng. Dat kënne si am nächsten Match Enn Abrëll géint d'zweet Ekipp vun Amber-Lënster nees besser maachen.