D'Sportsectioun vun der Arméi, d'SSEA, huet am Wanter säi 25. Gebuertsdag gefeiert. Grond genuch, fir e Bléck hannert d‘Kulisse vum Härebierg ze geheien.

Ob Fränk Schleck, Raphaël Stacchiotti, Marie Muller oder och nach momentan de Bob Bertemes, d‘Sarah de Nutte an den Dylan Pereira. All dës Elittesportler an nach vill anerer hunn eppes gemeinsam. Net nëmme waren oder si si zanter Joren am Elite-Kader vum Lëtzebuergeschen Olympesche Kommitee, mee gläichzäiteg och als Sportzaldot bei der Arméi ageschriwwen.

Den Ament ass een zukünftege Sportzaldot bei der Instruction de Base dobäi. De Basketspiller Malcom Kreps huet 21 Joer a wollt eigentlech an Amerika Basket spille goen, ma dat ass leider näischt ginn. Dofir envisagéiert hien elo, sech hei als Profisportler ze etabléieren an d‘Arméi kann engem do eng grouss Stäip sinn. Huet een nämlech d‘Grondausbildung vu véier Méint gepackt, da gëtt ee vun der Arméi fräigestallt, fir sech komplett op säi Sport kënnen ze konzentréieren. D‘Avantagen dovunner: eng fest Pai an eng sozial Versécherung. Dobäi kënnt, dass een no senger sportlecher Karriär och d‘Méiglechkeet huet, zréck ze kommen a bei der Arméi berufflech Fouss ze faassen.

Eent, wou de Schratt gemaach huet, ass d‘Tina Welter: "Also ech fannen et ass eng gutt Méiglechkeet, fir Sportler, déi keng Sponsoren hunn."

D‘Handballerin, déi bis dato déi eenzeg Fra ass, déi an der éischter däitscher Bundesliga gespillt huet, ass elo nees zréck bei der Arméi an hëlt hir Schoul no. Déi war ze kuerz komm, ma elo ka si 10ième an d‘11ième an engem Joer nohuelen an duerno dann sech als Ënneroffizéierin forméiere loossen.

"Et war ongewinnt, zréck ze kommen. Et huet een awer verschidde Saachen, wou een e bësse vergiess huet an et war ee jo awer laang net hei uewen."

Als Member vun der Sportsektioun vun der Arméi gëtt een all Joer op en Neits evaluéiert. Dat hänkt vun de sportleche Performancen of. An och wann déi net méi sollten duergoen oder ee sech dozou entschléisst, seng Karriär als Elittesportler un de Nol ze hänken, sou huet een hei als Zaldot all Dieren op fir en neien, anere beruffleche Wee anzeschloen.