Et ass schonn deen zweete Gol a senger Bundesliga-Karriär géint d’Bayern. Dës Saison huet hie schonn dräi Goler geschoss an der och nach véier virbereet.
Am RTL-Interview huet de Lëtzebuerger Nationalspiller mam Jeff Kettenmeyer ënnert anerem iwwert de Bayern-Match geschwat, donieft geet et awer och ëm déi aktuell gutt Form vu senger Ekipp a wéi et fir hien ass, no enger méi komplizéierter Hironn, elo nees absolutte Stammspiller ze sinn.
De Barreiro erzielt och wéi d’Reaktiounen aus dem Grand-Duché waren, nodeems hie mat Mainz den däitsche Rekordchampion geklappt huet.