De Bob Bertemes wënnt de Semi-Marathon des deux Luxembourgs
Mat den deux Luxembourgs sinn d'Province du Luxembourg an der Belsch an de Groussherzogtum gemengt.
Eis belsch Noperen bekëmmere seech em déi sportlech Organisatioun, an d’Lëtzebuerger, em d’Logistik. Gelaf gëtt souwuel duerch déi belsch Bëscher, wéi och duerch déi Lëtzebuergesch.
Vun de ronn 600 Leefer, déi un den Depart gaange sinn, koum ronn d'Hallschent aus Lëtzebuerg an d'Hallschent aus der Belsc. Och d’Benevollen op der Streck kommen och aus deenen 2 Länner. D’Organisatioun, am Virfeld, ass deemno praktesch duebel esou opwänneg, wéi bei engem nationale Semi-Marathon.
Bei der eigentlecher Course konnt da keen dem Bob Bertemes d'Waasser reechen, Den Dikrecher gewënnt de Semi souverän mat 5 Minutten Avance op den 2. Armand Da Silva.
Bei den Damme wënnt d'Liz Nepper virum Xhaferaj Shefi,
De Semi ass eng vun 42 Coursen, déi fir de Challenge des Allures libres de Gaume zielen.