
E Mëttwoch den Owend sinn an der Coupe de Luxembourg déi zwou Halleffinalle gespillt ginn. Marisca Miersch aus der Éierepromotioun steet no engem 2:1-Succès géint Munneref sensationell an der Finall an trëfft do op den FC Déifferdeng, dee sech mat 1:0 géint Rouspert behaapt huet.
Miersch - Munneref 2:1
1:0 Rodrigues da Cruz (39'), 2:0 Bresch (45+2'), 2:1 Benamra (52')
An der éischter Partie vum Owend huet Miersch d’Sensatioun gepackt a sech mat enger 2:1-Victoire géint Munneref fir d’Finall qualifizéiert. No engagéierten éischte Minutte vun de Gäscht si mat der Zäit déi Mierscher ëmmer besser an de Match komm. Si hu gutt gepresst an de Géigner net mat Rou gelooss. Kuerz virun der Paus huet sech d’Ekipp aus der Éierepromotioun dann direkt zwee Mol belount. Nom Gol vum Rodrigues da Cruz an engem Eelefmeter vum Bresch ass et no 45 Minutte mat enger 2:0-Féierung an d’Paus gaangen. E puer Minutten nom Säitewiessel ass et de Munnerefer da gelongen am Numm vum Benamra op 1:2 ze verkierzen, wat d’Partie direkt rëm e gutt Stéck méi spannend gemaach huet. Duerch eng Rout Kaart fir d’Gäscht ronn 20 Minutte viru Schluss, war et dann awer nach méi schwéier den Ausgläich ze schéissen. Miersch huet an der Schlussphas alles ginn an hannen näischt méi zougelooss. Um Enn ass et duergaange fir d’Féierung iwwert d’Zäit ze bréngen.

Déifferdeng - Rouspert 1:0
1:0 Costa (6')
An der zweeter Partie huet sech Déifferdeng den Ticket fir d’Finall mat engem 1:0-Succès géint Rouspert geséchert. Duerch e Gol vum Costa an der 6. Minutt war d’Lokalekipp vun Déifferdeng scho fréi a Féierung. Och am weidere Spillverlaf waren si de Rousperter iwwerleeën a waren no drun op 2:0 ze erhéijen. Bis zur Paus ass et an engem intensive Match awer mol bei der knapper Féierung bliwwen. An der zweeter Hallschent ass vum Gaascht weider ze wéineg komm. Offensiv ass de béide Stiermer Bouché a van Lingen net vill Spillraum gelooss ginn, sou datt et net zu richteg gudde Golchance komm ass. Déifferdeng huet sech d’Féierung net méi huele gelooss a wënnt de Match domat knapp, ma verdéngt mat 1:0.
D’Finall tëscht Miersch an Déifferdeng gëtt de 26. Mee am Stade de Luxembourg gespillt.
