All wichteg Informatioune ronderëm d'Barragematcher

Déi regulär Saison am nationale Futtball ass eriwwer, ma fir 20 Ekippe stinn nach d'Barragematcher um Programm.
An dës zéien all Joer ëmmer nees vill Spectateuren op d'Futtballterrainen, dat well et een eenzege Match ass, deen iwwer Opstig, Ofstig oder Maintien decidéiert. Et ginn ëmmer nees spektakulär Matcher, déi d'Zukunft vum jeeweilege Veräin beaflossen, esou datt och ëmmer vill Emotioune mat am Spill sinn. Dofir hu mir déi 10 Barragematcher fir Iech ënner d'Lupp geholl.
Fola Esch (BGL Ligue) - Jeunesse Kanech (Éierepromotioun)

D'Fola wiert sech géint den Ofstig.
Wéini a wou? Donneschdeg, de 25. Mee 2023 um 19h30 an der Stad am Stade Achille Hammerel
Bilanz vun der Saison - Fola Esch: Plaz 13 an der BGL Ligue mat 26 Punkten (8 Victoiren, 2 Remisen, 20 Néierlagen)
Bilanz vun der Saison - Jeunesse Kanech: Plaz 4 an der Éierepromotioun mat 51 Punkten (16 Victoiren, 3 Remisen, 11 Néierlagen)
D'Fola Esch ass den eelste Lëtzebuerger Futtballveräin an huet sech no enger akzeptabeler Réckronn nach op eng Barrageplaz gerett. Den aachtfache Lëtzebuerger Champion steet elo awer kuerz virum Ofstig an d'Éierepromotioun. Am Barragematch geet et géint d'Jeunesse Kanech, déi sech duerch eng spektakulär 9:1-Victoire géint Miersch um leschte Spilldag nach déi 4. Plaz séchere konnten. Op Säite vun der Fola dierft de Stefano Bensi op déi nämmlecht Acteuren zeréckgräife wéi och bei de leschte Spilldeeg an der BGL Ligue. Dat nämmlecht gëllt fir Kanech. D'Jonge vum Trainer Franck Rinaldo hu 4 vun de leschte 5 Matcher gewonnen an dobäi 24 Goler geschoss. Besonnesch op de Fine Bop muss d'Fola oppassen, de Kanecher Buteur (29 Goler iwwer déi ganz Saison) huet eleng am leschte Match 7 Goler markéiert a weess zanter Joren ze iwwerzeegen. Fir d'lescht huet Kanech 2017 e Barragematch gespillt, deemools hu si am Eelefmeterschéisse géint Hueschtert verluer a sinn doduerch an d'Éierepromotioun ofgestigen.
UN Käerjeng (BGL Ligue) - SC Beetebuerg (Éierepromotioun)

D'Ekipp vu Käerjeng war an der leschter Zäit nees besser a Form.
Wéini a wou? Samschdeg, de 27. Mee 2023 um 19 Auer zu Nidderkuer am Stade Jos Haupert
Bilanz vun der Saison - UN Käerjeng: Plaz 14 an der BGL Ligue mat 25 Punkten (5 Victoiren, 10 Remisen, 15 Néierlagen)
Bilanz vun der Saison - SC Beetebuerg: Plaz 3 an der Éierepromotioun mat 52 Punkten (15 Victoiren, 7 Remisen, 8 Néierlagen)
Duerch eng 3:2-Victoire zu Wolz huet Käerjeng den direkten Ofstig um leschte Spilldag nach verhënnert kritt. Elo muss den Opsteiger am Barrage géint d'Ekipp vu Beetebuerg optrieden. Wat de Käerjenger dierft Hoffnung maachen, ass, datt si elo zwou Victoiren hannertenee feiere konnten, nodeems si vun Oktober u kee Match méi gewanne konnten. Donieft huet Beetebuerg 3 vun hire leschte 5 Matcher verluer, ënnert anerem gouf et eng 1:5-Néierlag géint Kanech. Deemno ass bei de Käerjenger an de leschte Wochen nees Schwong an déi Saach komm, iwwerdeems de Beetebuerger Motor den Ament ellen um Houschten ass. Un hire leschte Barragematch dierft d'UN Käerjeng sech awer net gären erënneren. 2018 wollt een aus der Éierepromotioun an d'BGL Ligue opsteigen, do gouf et am Barragematch allerdéngs eng 0:2-Néierlag géint Rouspert. Beetebuerg muss also hoffen, datt een nees zu aler Stäerkt fënnt, e wichtege Spiller dobäi ass de Brian Dauphin mat 23 Goler a 17 Virlagen dës Saison.

Beetebuerg brauch e gudde Match vum Kapitän Brian Dauphin.
Jeunesse Jonglënster (Éierepromotioun) - Avenir Beggen (1. Divisioun, 1. Bezierk)
Wéini a wou? Sonndeg, den 28. Mee 2023 um 16 Auer zu Hueschtert am Stade Jos Becker
Bilanz vun der Saison - Jeunesse Jonglënster: Plaz 13 an der Éierepromotioun mat 37 Punkten (10 Victoiren, 7 Remisen, 13 Néierlagen)
Bilanz vun der Saison - Avenir Beggen: Plaz 2 an der 1. Divisioun, 1. Bezierk mat 64 Punkten (21 Victoiren, 1 Remis, 8 Néierlagen)
D'lescht Saison nach Barrage gespillt, fir an d'BGL Ligue ze steigen, dës Saison nees Barrage, awer déi Kéier, fir an der Éierepromotioun ze bleiwen. Dat hat ee sech béides wuel ganz aneschters virgestallt bei der Jeunesse Jonglënster. Am Barragematch d'lescht Joer war ee ganz ganz no um Opstig an d'BGL Ligue drun, et huet een dunn awer am Eelefmeterschéisse mat 5:6 géint Wolz verluer. Dës Saison muss een elo nees an de Barrage, déi Kéier awer eben, fir net ofzesteigen. Duerch Victoiren um leschte Spilldag vu Miedernach, Weiler a Gréiwemaacher ass een op déi 13. Plaz zeréckgefall. Aus de leschte 5 Matcher gouf et iwwerdeems och just eng Victoire. Am Barragematch geet et elo géint den Avenir Beggen. Den Traditiounsveräin wëll nees erop an huet mat 21 Victoiren aus 30 Matcher eng anstänneg Saison gespillt. De sechsfache Lëtzebuerger Champion huet 2016 fir d'lescht e Barragematch gespillt. Do huet ee mat 4:1 géint Steesel gewonnen, fir an der Éierepromotioun ze bleiwen. Bleift ze soen, datt Jonglënster virun allem op de Beggener Spiller Yassine Maziz oppasse muss, deen an der lafender Saison 22 Goler geschoss an der 11 virbereet huet.
FC Luxembourg City (Éierepromotioun) - FC Koeppchen Wuermer (1. Divisioun, 2. Bezierk)
Wéini a wou? Sonndeg, den 28. Mee 2023 um 19 Auer zu Berbuerg am Stade Renert
Bilanz vun der Saison - FC Luxembourg City: Plaz 14 an der Éierepromotioun mat 32 Punkten (8 Victoiren, 8 Remisen, 14 Néierlagen)
Bilanz vun der Saison - FC Koeppchen Wuermer: Plaz 2 an der 1. Divisioun, 2. Bezierk mat 63 Punkten (20 Victoiren, 3 Remisen, 7 Néierlagen)
Den FC Luxembourg City ass am fräie Fall. D'lescht Joer ass de Veräin, deen deemools nach RM Hamm Benfica geheescht huet, aus der BGL Ligue ofgestigen. Elo muss een esouguer d'Angscht hunn, nach eng Etage weider an de Keller ze goen. De Fusiounsveräin huet dës Saison nëmmen 8 Victoirë konnte feieren an aus de leschten 8 Matcher gouf et just eng eenzeg Kéier dräi Punkten. Elo mussen déi Stater géint den FC Koeppchen Wuermer untrieden, déi den Ament wuel nach op "Wolke 7" schwiewen. Datt si de Barrage kënne spillen, huet sech nämlech eréischt um leschte Spilldag decidéiert. Duerch d'4:5-Néierlag vu Bieles konnt Wuermer nach op déi zweet Tabelleplaz sprangen. Hir lescht 11 Matcher konnten d'Spiller Wuermer alleguerte gewannen an hunn dobäi 35 Goler markéiert. Deemno kann een dovunner ausgoen, datt d'Ekipp aus der 1. Divisioun mat méi enger positiver Dynamik an dës Partie dierft eragoen. Donieft denkt een zu Wuermer och sécherlech gären un de leschte Barragematch. 2018 huet ee sech do mat 4:1 géint den FF Norden duerchgesat an ass doduerch an d'Éierepromotioun opgestigen. Ee Joer méi spéit war een allerdéngs nees ofgestigen. Wuermer hofft e Sonndeg natierlech och nees op e gudde Match vum Claudio Borges Furtado, deen dës Saison ganzer 28 Goler markéiert huet.
Sporting Bartreng (1. Divisioun, 2. Bezierk) - AS ALSS Lëtzebuerg (2. Divisioun, 2. Bezierk)
Wéini a wou? Méindeg, den 29. Mee um 16 Auer zu Luerenzweiler um Terrain Rue de Hunsdorf
Bilanz vun der Saison - Sporting Bartreng: Plaz 13 an der 1. Divisioun, 2. Bezierk mat 22 Punkten (6 Victoiren, 4 Remisen, 20 Néierlagen)
Bilanz vun der Saison - AS ALSS Lëtzebuerg: Plaz 3 an der 2. Divisioun, 2. Bezierk mat 51 Punkten (16 Victoiren, 3 Remisen, 7 Néierlagen)
Bartreng huet déi lescht Saison nach op der gudder véierter Plaz ofgeschloss. Dës Saison huet een allerdéngs ganzer 32 Punkte manner kritt an et schléisst een d'Saison mat 22 Punkten op der 13. Plaz of. Deemno muss een an de Barrage an do kritt een et mat AS ALSS Lëtzebuerg ze dinn. Déi Stater hunn 9 vun hire leschten 10 Matcher gewonnen an hunn an de leschte 4 Partië ganzer 18 Goler geschoss an nëmmen 2 geschoss kritt.

Bartreng hofft, och nächst Saison an der éischter Divisioun spillen ze kënnen.
Alliance Äischdall (1.Divisioun, 1. Bezierk) - Jeunesse Gilsdref (2. Divisioun, 1. Bezierk)
Wéini a wou? Méindeg, den 29. Mee um 19 Auer zu Biissen um Terrain ZAC Klengbousbierg
Bilanz vun der Saison - Alliance Äischdall: Plaz 13 an der 1. Divisioun, 1. Bezierk mat 28 Punkten (8 Victoiren, 4 Remisen, 18 Néierlagen)
Bilanz vun der Saison - Jeunesse Gilsdref: Plaz 5 an der 2. Divisioun, 1. Bezierk mat 45 Punkten (14 Victoiren, 3 Remisen, 9 Néierlagen)
D'Alliance Äischdall hätt um leschte Spilldag nach de Maintien séchere kënnen, ma géint den Tabellefënnefte Feelen gouf et eng batter 3:6-Néierlag. Um zweetleschte Spilldag huet ee mat 1:5 géint Useldeng verluer. Deemno schéngt d'Defense aus dem Äischdall den Ament net ganz op der Héicht ze sinn. Do virdrun hate een awer 5 Matcher laang net verluer. Ma och hire Géigner war a leschter Zäit net wierklech gutt a Form. Den Tabellefënneften aus der zweeter Divisioun huet nëmmen 1 vun hire leschte 5 Matcher gewonnen. Gilsdref spillt iwwregens jo just de Barrage, well den FC Luxembourg City an CeBra fusionéieren, esou datt eng Plaz méi an der 1. Divisioun fräigëtt. Doduerch ass och d'Fiels als beschten Tabellendrëtten direkt opgestigen. Bleift nach ze soen, datt d'Alliance Äischdall nach 2014 Barrage gespillt huet. Deemools ass een no der 3:6-Néierlag am Eelefmeterschéisse géint Lëntgen an d'1.Divisioun ofgestigen.
CS Suessem (1. Divisioun, 2. Bezierk) - FC Koplescht (2. Divisioun, 2. Bezierk)
Wéini a wou? Dënschdeg, den 30. Mee 2023 zu Käerch um Terrain Deckebierg
Bilanz vun der Saison - CS Suessem: Plaz 14 an der 1. Divisioun, 2. Bezierk mat 22 Punkten (6 Victoiren, 4 Remisen, 20 Néierlagen)
Bilanz vun der Saison - FC Koplescht: Plaz 4 an der 2. Divisioun, 2. Bezierk mat 48 Punkten (14 Victoiren, 6 Remisen, 6 Néierlagen)
Suessem huet um leschte Spilldag den direkten Ofstig duerch eng 2:1-Victoire géint Syra Mensder verhënnert kritt. Dëst dierft der Ekipp aus der 1. Divisioun e bësse Confiance ginn. Nawell war d'Saison alles aneschters wéi gutt, well et konnt een nëmmen 22 Punkte Sammelen an et war een 13 Punkte vum Maintien ewech. D'Ekipp vu Koplescht hirersäits ass zanter 9 Matcher ongeschloen a kann och wéinst der Néierlag vu Käerch um leschte Spilldag weiderhi vum Opstig dreemen. Dat hätte wuel déi mannste Leit geduecht, nodeems een d'lescht Saison an der 2. Divisioun nëmmen op déi 11. Plaz koum.

Den Ayoub Laaour a Suessem sti mam réck zur Mauer.
AS Colmer-Bierg (1. Divisioun, 1. Bezierk) - Orania Veianen (2. Divisioun, 1. Bezierk)
Wéini a wou? Mëttwoch, den 31. Mee 2023 zu Ierpeldeng am Stad an der Trell
Bilanz vun der Saison - AS Colmer-Bierg: Plaz 14 an der 1. Divisioun, 1. Bezierk mat 25 Punkten (7 Victoiren, 4 Remisen, 19 Néierlagen)
Bilanz vun der Saison - Orania Veianen: Plaz 4 an der 2. Divisioun, 1. Bezierk mat 54 Punkten (17 Victoiren, 3 Remisen, 6 Néierlagen)
No enger Saison an der 1. Divisioun kéint schonn nees Schluss si fir de Colmer-Bierg. 7 Victoiren, 4 Remisen, 19 Néierlagen a ganzer 92 Géigegoler - eng desastréis Saison. Den eenzege Liichtbléck: duerch eng 3:2-Victoire um leschte Spilldag beim Tabellenzweete Beggen konnt een den direkten Ofstig verhënneren. Elo kritt een et am Barragematch mat Orania Veianen ze dinn. Den Tabellefënneften aus der 2. Divisioun, 2. Bezierk huet 10 vun de leschten 11 Matcher gewonnen a schéngt deemno a Form ze sinn.
CS Buerschent (2. Divisioun, 1. Bezierk) - FC Les Ardoisiers Pärel (3. Divisioun)
Wéini a wou? Samschdeg, de 27. Mee 2023 zu Wolz am Stad am Pëtz
Bilanz vun der Saison - CS Buerschent: Plaz 13 an der 2. Divisioun, 1. Bezierk mat 18 Punkten (5 Victoiren, 3 Remisen, 18 Néierlagen)
Bilanz vun der Saison - FC Les Ardoisiers: Plaz 4 an der 3. Divisioun mat 38 Punkten (12 Victoiren, 2 Remisen, 6 Néierlagen)
Béid Ekippe kenne sech nach vun der leschter Saison. Iwwerdeems Pärel als Tabelleleschten direkt ofgestige war, konnt sech Buerschent als 12. esou just nach retten. Buerschent huet dës Saison nëmme 5 Matcher gewonnen. Vun de leschten 10 Matcher gouf et just eng eenzeg Victoire. Ma och Pärel ass net an der beschter Form, wuel huet een déi lescht 3 Matcher alleguerte gewonnen, do virdrun hat een awer och 3 Matcher laang net gewonnen.
Minière Zowaasch (2. Divisioun, 2. Bezierk) - Red Boys Uespelt (3. Divisioun)
Wéini a wou? Donneschdeg, den 1. Juni zu Téiteng am Stade Victor Marchal
Bilanz vun der Saison - Minière Zowaasch: Plaz 13 an der 2. Divisioun, 2. Bezierk mat 17 Punkten (4 Victoiren, 5 Remisen, 17 Néierlagen)
Bilanz vun der Saison - Red Boys Uespelt: Plaz 5 an der 3. Divisioun mat 36 Punkten (10 Victoiren, 6 Remisen, 4 Néierlagen)
D'lescht Saison konnt d'Minière Zowaasch den Ofstig als 12. nach esou just verhënneren, dëst Joer muss d'Ekipp aus dem Süde vum Land awer an de Barrage. D'nämmlecht wéi Pärel ass och Uespelt d'lescht Saison eréischt aus der 2. Divisioun ofgestigen. Allerdéngs ware si net direkt ofgestigen, ma hunn am Barragematch knapps mat 0:1 géint Schuller verluer. Uespelt als Tabellefënneften aus der 3. Divisioun profitéiert iwwerdeems och vun der Fusioun vum FC Luxembourg City an Zéisseng, iwwerdeems Mutfert als Tabellendrëtten direkt opsteigt. Uespelt huet vun de leschten 12 Matcher nëmmen een eenzege verluer an dierft deemno och net ze ënnerschätze sinn.