D'Fola bleift an der BGL Ligue
No engem ganz spannende Barrage-Match konnt d'Ekipp vum Escher Gaalgebierg sech an der Verlängerung mat 4:3 géint d'Jeunesse Kanech duerchsetzen.
1.674 ware sech de Match op de Stater Verluerekascht ukucke komm an deen hat et nawell a sech. Déi lescht Minutte virun der Verlängerung waren total geckeg.
Bei enger ganz gudder Ambiance huet een d'Nervositéit vun der 1. Minutt u richteg gespuert. D'Ekipp aus der BGL Ligue hat déi éischt geféierlech Aktioun opweises: An der 14. Minutt war de Ball no enger gudder Kombinatioun beim Lucas Correia gelant, deen awer net laanscht de Kanecher Goalkeeper Valentin Roulez koum.
An der 20. Minutt huet d'Ekipp aus der Éierepromotioun mat hirer éischter gudder Aktioun zougeschloen. De Ricardo Dionisio huet de Shayn Chekalil ideal ugespillt. De Kanecher Stiermer, dee fräi stoung, huet den 1:0 markéiert. An der 33. Minutt hat de Fine Bob, deen d'leschte Weekend géint Miersch 7 Goler markéiert hat, bal den 2:0 geschoss. Den Emanuel Cabral am Escher Gol war op Zack.
No 41 Minutten huet d'Doyenne vum Lëtzebuerger Futtball nees fest dru gegleeft. No engem Ball, deen net fest genuch ofgewiert gouf, huet de Jules Diallo den 1:1 markéiert. Mat dem Resultat goufen d'Säite gewiesselt.
Wéi 6 Minutte nom Säitewiessel gespillt waren, haten déi Escher eng honnertprozenteg Golchance. De Lionel Amou hat op den Issam El Alami ginn, deen hätt misste markéieren, ma hien huet nëmmen d'Lat geroden. An der 53. Minutt huet den El Alami et da mat engem secke Schoss aus der Distanz vill besser gemaach an d'Fola mat engem ganz schéine Gol 2 :1 a Féierung bruecht.
Déi Escher Freed huet ronn 10 Minutten ugehalen, bis de Kanecher Fine Bob säin Duell gewonnen huet, fir den 2:2 ze markéieren.
An der 93. Minutt hätt een da kéinte mengen, dass d'Entscheedung gefall wier. No engem Corner hat den Chekhtidiane Samb fir Kanech erakäppt, mä an der 96. Minutt, wéi ee gemengt huet et wier gelaf, huet de Mohamed Camara den 3:3 markéiert, dat och mam Kapp.
Domadder ass et an d'Verlängerung gaangen, bei enger Ambiance déi ëmmer méi hëtzeg gouf.
No 11 Minutten an der Verlängerung huet den Emanuel Cabral am Escher Gol e gudde Fräistouss vum Din Dervisevic annuléiert.
Ma no insgesamt 103 Minutte war et de Valentin Roulez, deen déi Kanecher, no engem Schoss vum Lucas Correia mat enger flotter Parad am Match gehalen hat.
Am 2. Deel vun der Verlängerung waren d'Spiller op béide Säiten um absolutte Limitt vun hire physesche Kapazitéiten. An der 118. Minutt ass schliisslech déi definitiv Decisioun gefall. No enger Pass an d'Déift huet den agewiesselten Kévin Quinol de 4:3 fir d'Fola geschoss.
Domadder dierf den eelste Futtballveräin aus dem Land och d'nächst Saison an der héchster Spillklass untrieden.