Et war laang spannend, ma um Enn konnten déi favoriséiert Kanadier sech däitlech mat 5:2 géint Däitschland duerchsetzen.

Déi Däitsch haten den éischten Drëttel staark ugefaangen a konnten an der 8. Minutt duerch e Gol vum John-Jason Peterka a Féierung goen, ma d'Kanadier konnten an der 10. Minutt duerch de Sam Blais ausgläichen.

am zweeten Drëttel leeft et nämmlecht. Nees geet Däitschland a Féierung - dës Kéier an der 32. Minutt duerch de Fischbach - an nees ka Kanada ausgläichen. De Crouse trëfft an der 37. Minutt.

Am leschten Drëttel hunn d'Kanadier dann an der 44. an der 53. Minutt den 3:2 respektiv 4:2 markéiert. De Blais an den Toffoli hate getraff. Um Enn spillen déi Däitsch mat 6 Mann um Terrain a fänke sech no engem Konter nach e Gol, de Laughton markéiert de 5:2.

Domat gewënnt Kanada säin 28. Weltmeeschtertitel an ass elo eleng Rekordweltmeeschter.