
Op en Neits gouf et een neien nationale Rekord fir d’Patrizia Van der Weken. D’Sprinterin ass e Sonndeg bei engem Meeting zu Rehlingen an Däitschland d’100 Meter an 11 Sekonnen an 12 Honnertstel gelaf. Domat war si 6 Honnertstel méi séier wéi bei hirem ale Rekord.
D’Vera Hoffmann huet hiren nationale Rekord iwwer 1.500 Meter mat enger Zäit vu 4 Minutten, 7 Sekonnen an 83 Honnertstel ëm 3,61 Sekonnen ënnerbueden.