Am decisive Match géint Altenau konnt sech d'Austria Wien mat 5:0 duerchsetzen

Sonndeg

De Marvin Martins huet sech mat Austria Wien eng Plaz an der Qualifikatioun fir d'Conference League geséchert. No engem 1:1 am Allersmatch vun der Finall an den éisträichesche Playoffe konnt ee sech am Retourmatch mat enger staarker 5:0-Victoire behaapten. De Lëtzebuerger Nationalspiller war dobäi de ganze Match um Terrain.

Sparta Rotterdam huet dogéint d'Qualifikatioun fir d'Conference League knapps verpasst. An der Finall vun de Playoffen gouf et am Retourmatch eng 0:1-Defaite, nodeems et am Allersmatch en 0:0-Remis gi war. De Mica Pinto war e Sonndeg net an den Asaz komm.

An der schwedescher Allsvenskan huet den AIK um 12. Spilldag virun den eegene Spectateuren de Kierzere gezunn. Bei der 1:2-Defaite géint den IF Elfsborg war de Vincent Thill de ganze Match iwwer am Asaz.

Fir de Lars Gerson gouf et an Norwegen dann nach eng 3:0-Victoire géint Ranheim, bei där hien 90 Minutten um Terrain stoung.

Samschdeg

De Seid Korac stoung bei der 1:2-Defaite vun Degerfors géint den FF Kalmar de ganze Match um Terrain. An der Tabell läit Degerfors mat 11 Punkten op der 13. Plaz an domadder just eng Plaz virun den Ofstigsplazen.