
Am Karate huet d’Jenny Warling sech an der Gewiichtsklass ënnert 55 Kilogramm duerch zwou Victoiren an ee Remis fir d’Halleffinalle qualifizéiert. Kuerz viru 17 Auer krut d’Lëtzebuergerin et mat der Ukrainerin Anzhlika Terliuga ze dinn. An hei gouf et eng knapp 0:2-Néierlag fir d’Lëtzebuergerin. Eréischt 9 Sekonne viru Schluss konnt hir Géignerin déi decisiv Punkte maachen. D’Nummer 1 op der Welt hat op de leschten Olympesche Spiller zu Tokio Sëlwer gewonnen an dat lescht Joer och Gold bei de World Games. Weider ass d’Anzhlika Terliuga schonn e puer Mol Europameeschterin.
D’Jenny Warling, fir déi et no hirem Kräizbandrëss de Comeback ass, huet sech domadder déi drëtte Plaz an esou eng Bronzemedail geséchert. Et ass no Minsk 2019 déi zweete Bronzemedail fir d’Lëtzebuergerin bei de European Games.
Fir de Chef de Mission zu Krakau Raymond Conzemius hunn och nach aner Lëtzebuerger Sportler Chancen op gutt Resultater.
D’Mariya Shkolna am Bouschéissen, eis Triathleten am Relais Mixed. Am Dëschtennis hu mir och eng Rei Eisen am Feier, virun allem bei eisen Dammen oder am Dubbel Mixed, wou mir hoffen, deen een oder aneren Tour weider ze kommen. An deem Sënn sinn déi sportlech Resultater a verschiddenen Discipline ganz héich. An aneren Disciplinnen ass et eng éischt Erfarung fir eenzel Leit op dësem Niveau an awer och eng Bestandsopnam op europäeschem Niveau.
Am Kanusport hat den Dario Maksimovic säin éischten Optrëtt. Iwwer 200 Meter ass hien a sengem Virlag dee Leschte ginn an huet de Sprong an d’Halleffinalle verpasst. Hien huet 46,178 Sekonne gebraucht. 41,735 Sekonne wieren néideg gewiescht, fir eng Ronn weider ze kommen.