
Viru ronn 6 Méint huet d’Jenny Warling sech wärend engem Training un de Kräizbänner blesséiert. Deen Ament waren d’European Games ganz wäit fort. D’Karateka huet et awer nees fäerdeg bruecht, zum richtegen Zäitpunkt fit ze ginn, obwuel déi fréier Sportlerin vum Joer selwer net esou richteg wousst, wou aktuell hiren Niveau géif leien: “Ech wousst net, datt ech momentan un der Weltspëtzt ukomm sinn, well ech kee Preparatiounstournoi hat. Et war net sécher, datt ech jeemools mäin alen Niveau géif zeréckkréien.”
2019 war d’Jenny Warling, no enger änlecher Blessur un deem anere Knéi, ganz iwwerraschend Europameeschterin ginn. Den Exploit vun en Donneschdeg ass awer genau esou héich anzerechnen an der Karateka no eng Belounung fir déi geleeschten Aarbecht: “D’Medail ass eng Belounung fir déi lescht Méint, wou ech vill trainéiert hunn an alles gemaach hunn, fir datt mäi Knéi nees schnell fit gëtt, an datt ech nees um Tatami ka kämpfen.”
Ma och wann de Knéi en Donneschdeg gehalen huet, ass d’Reeducatioun nach net ofgeschloss: “Déi Woch, déi elo kënnt, maachen ech richteg Paus, fir datt mäi Kierper sech kann erhuelen. Duerno konzentréieren ech mech nees op meng Reah fir de Knéi. Do kann ech nach bësse Gas ginn. Elo stoung de Karate méi am Fokus wéi d’Reah, déi fir de Knéi wichteg war.”
Dat nächst grousst Zil ass dann ‘Weltmeeschterschaft am Oktober.