
Cassandre Beaugrand huet sech zu Hamburg iwwer 300 Meter Schwammen, 7,5 Kilometer Vëlo an 1,7 Kilometer Lafen bei den Dammen d’Goldmedail am Triathlon-Sprint geséchert. Op déi zweete Plaz kennt d’Brittin Beth Potter. Déi leschte Plaz um Podium ass fir d’Laura Lindemann aus Däitschland. Aus Lëtzebuerger Siicht koum d’Jeanne Lehair op déi 11. Plaz.
D’Pausen tëschent deenen 3 verschiddene Manchë si kuerz, sou dass d’Triathletinnen extrem gefuerdert ginn. D’Jeanne Lehair hat den Dag virdrun d’Qualifikatioun gepackt an d’Europameeschterin huet och déi 1. Ronn mat Erfolleg ofgeschloss. Hei goufen 10 Triathletinne vun 30 eliminéiert. An der 2. Ronn sollt et esou just net duergoen, fir ënnert déi 10 beschten iwwert d’Linn ze lafen an esou an der grousser Finall mat derbäi ze sinn. Eng 11. Plaz op der WM, bei där déi weltbescht Triathletinnen um Depart waren, ass e gutt Resultat, wann och liicht ënnert den Erwaardungen.
D’Zukunft wäert weisen, ob dës extrem spektakulär, zuschauerfrëndlech Formule vum Supersprinttriathlon sech wäert duerchsetzen.
Bei den Häre ka sech de Neiséilänner Hayden Wilde iwwert Gold freeën. Selwer ass fir de Portugis Vasco Vilaca an Bronz fir de Britt Alex Yee.
D’Sprint-Coursse ginn am sougenannten Eliminator-Modus ausgedroen. Dat heescht dass pro Duerchgang déi lescht 10 Athleten jeeweils eliminéiert ginn, sou dass am leschten Duerchgang just nach 10 Athleten iwwreg sinn.